Change Edition

Hobbymaart 2018 zu Bartreng

07
Oct
07 Oct

D'Bartrenger Musek organiséiert dëst Joer déi 26. Editioun vun hirem Hobbymaart am Centre Atert zu Bartreng sonndes, de 7. Oktober 2018, vun 9h30 bis 18 Auer. Dësen Hobbymaart riicht sech, wéi gewinnt, net u Professioneller, mä wierklech u Leit, déi engem Hobby noginn, selwer Produite schafen an dës eege Produiten wëllen ausstellen a verkafen. Informatiounen zum Programm fannt Dir um Flyer hei! Fir d'Mëttegiessen muss ee sech umellen bäim Marie-France Bemtgen: Tel.: 312124. Et gëtt Choucroute garnie, Chili sin Carne oder Assiette Wiener.