Change Edition

Méindeg, 10. Dezember 2018: Begéignungsowend mam CIM-Comité am Bëschofshaus


CIM – Coetus Internationalis Ministrantium, gegrënnt 1960, ass den internationale Verband vun de Massendénger. Am Dezember 2018 war de Comité vum CIM op Besuch hei zu Lëtzebuerg, huet ee Réckbléck zur grousser internationaler Roumwallfaart vum Summer 2018 gemaach an déi nächst Generalversammlung fir d'Vertrieder vun der Massendéngerpastoral am Abrëll 2019 zu Bratislava (Slowakei) organiséiert. Bei der Geleeënheet vun der Comitéssëtzung war och eng Begéinung mam Här Äerzbëschof vu Lëtzebuerg um Programm. Zesumme gouf Méindes Owesiwwer d'Zukunft vum CIM an iwwer vill international Begéinunge gepotert.


Op der Foto ass de Comité ëmginn vum Här Äerzbëschof vu Lëtzebuerg beim Besuch am Bëschofshaus: Konsbrück Tanja, Lëtzebuerg (Tresorière) Bothe Alexander, Däitschland (Member) Csiszar Klara, Däitschland-Rumänien (Vize-Presidentin) Bëschof Ladislav Nemet SVD, Serbien (President) Leal Luis, Portugal (Member)

Homepage: www.minis-cim.net

Kontakt: cim.praesidium@gmail.com
Foto: Marques Fernandes Maria