Change Edition

SOLIDARITÉITSLAF

21
Sep
2019
21 Sep

ALGSO asbl, Groupes sportifs oncologiques, as eng ganz flott Sportsgrupp vir Kriibspatienten. Dat geet vun Fitness, iwwer Aquagym, Lafen an Zumba bis gemeinsam Ausflich.

Mir feieren dëst Joer 10 Joer Bestoen an hunn Dofir en Solidaritéitslaf organiséiert, den 21. September a m Domaine Thermal zu Mondorf. De Startschoss ass moies em 10 Auer, Aschreiwungen sinn ab 8.30 h, Inscriptioun kascht 12 Euro pro Persoun. De Circuit ass 4 km, an geet duerch dee flotten Parc vum Domaine Thermal. De Circuit kann een goen oder lafen, och e puer Mol wann een Loscht huet. Jiddereen kann mat maachen. Den Erléis vun dësem é geet un eis Sportsgruppen, vir dass mir eis Aktivitéiten kennen weider ausbauen.

Mir verspillen mat den Dossarden och e puer flott Präisser, a jiddereen dee mat mécht kritt e klenge Cadeau als Erënnerung vun eis. Vir Iessen an Gedrénks, an eng flott Stëmmung ass selbstverständlech och gesuergt.

Freides owes organiséieren mir och eng Gebuertsdagsfeier mat enger Soirée académique em 18 Auer am Hotel Parc Domaine Thermal, mat flotten Themen an engem Verre d’amitié

Mir freeën eis Iech en Freideg den Owend op eiser Feier, oder en Samschdeg den moien em 10 Auer op eisem Solidaritéitslaf zu Mondorf begréissen ze kennen an soen am Viraus Villmools Merci vir Är Ënnerstëtzung.

Weider Informatiounen iwwer eise Grupp fannt dir op eisem Internetsite www.sportifsoncologiques.lu oder e Samschdeg op eisem Informatiounsstand zu Mondorf