Change Edition

Foussgängerführerschäin am Cycle 1 vun der Angsber Schoul

Um Freiden Nomëtteg hunn Kanner aus dem Cycle 1 vun der Angsber Schoul hiren Foussgängerführerschäin gemaach. Nodeems Police am Laf vun der Woch an d'Schoul komm war fir d'Reegelen am Stroosseverkéier z'erklären, ob déi esou e klenge Butz muss oppassen wann en zu Fouss an Schoul geet, war e Freiden dunn de grousse Moment wou Si konnten eleng en Tour iwwert den Trottoir maachen. Natierlech stoungen bei all Zebrasträif Elteren an och d'Police war mat 2 Gefierer präsent. Bei dëser Aktioun huet d'Elterevereenegung, de Schäfferot an Police dem Léierpersonal gehollef. Als Ofschloss krut nach jiddereen e leckere Schocki ze drénken.