Change Edition

D'Mme Gisella Patat-Cargnelutti huet hiren 80. Gebuertsdag gefeiert

D’Buergermeeschtesch Marianne Brosius-Kolber an de Scheffen Marco Karier hunn dem Gisella Patat-Cargnelutti viru kuurzem fir hir 80 Joer gratuléiert. D’Gisella Cargnelutti ass den 20. Mee 1933 zu Gemona an Italien op d’Welt komm. Si ass mam Leonardo Patat bestued ginn a si koumen 1962 op Lëtzebuerg, wou si ufanks zu Miersch gewunnt hunn. Zanter 1965 wunne si zu Angelsbierg, wou si en Haus kaaft hunn. Leider ass hire Mann vill ze fréi verstuerwen. Aus dem Bestiednes sinn dräi Kanner ervirgaang, d’Cesira, den Giuseppe an d’Anna-Lydia. Zesummen hu si hirer Mamm aacht Enkelkanner an zwee Urenkelkanner geschenkt. D’Mme Patat ass mat hiren 80 Joer nach bei gudder Gesondheet, schafft gären an hirem Gaart, huet e grousst Härz fir d‘Déieren an hire Stot mécht si och nach selwer. Mat dem Wonsch nach vill gesond Joer an der Mëtt vun hirer Famill ze verbréngen, ass dës kleng Gebuertdagsfeier bei engem gudden Glas Crémant ausgeklongen. (Text/Foto: Ren Spautz)