Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Wéi begleet een den Entrepreneur a senge komplexen Erausfuerderungen?

Wéi begleet een den Entrepreneur a senge komplexen Erausfuerderungen?

Wéi begleet een den Entrepreneur a senge komplexen Erausfuerderungen?

Sponsored Content

Wéi begleet een den Entrepreneur a senge komplexen Erausfuerderungen?

An engem Krisenëmfeld combinéiert mat de schnellen Entwécklungen an all Secteur mussen d’Entrepreneuren sech op e liicht erreechbaren a villsäitege Bankpartner stëtze kënnen.

Säit Joerzéngte fleegt d’Banque de Luxembourg dës Qualitéiten a bitt eng breet Gamme vu Servicer fir hir professionnell a privat Besoinen un. 

D’Familljebetriber representéieren e wichtegen Deel vun eiser Wirtschaft. Dëst ass och de Fall op europäeschem Niveau, wou se méi wéi 70% vum PIB erwirtschaften. Dofir ass et net erstaunlech, datt d’Privatbanken dës Clientèle an de Mëttelpunkt vun hiren Uleie stellen. D’Entrepreneuren richteg begleeden ass awer opgrond vun der Komplexitéit vun hire Besoinen, déi oft berufflech a privat Iwwerleeunge matenee verbannen, eng delikat Aufgab.

Verschidden Etappe mat spezifesche Besoinen

Fir dëser Komplexitéit gerecht ze ginn, setzt d’Banque de Luxembourg op eng gewëssen Proaktivitéit, déi op d’Nolauschteren an de reegelméissegen Austausch mat hire Clientë berout, fir d’Problemer vun den Entrepreneure richteg ze verstoen. Et gi véier Haaptvoleten ugebueden, déi sech ëm d’kuerz-, mëttel- a laangfristeg Begleedung dréinen: Projetsfinanzéierung (Investitiounskredit, Kredit um Compte Courant, Leasing a Bankgarantien), de Placement vu Liquiditéiten, deeglech Geschäftstransaktiounen an d’Begleedung vun der Famill an de verschiddene Phase vum Iwwerdroe vum Betrib.

Dofir sinn déi verschidden Servicer un déi jeeweileg Liewensetappen vum Entrepreneur ugepasst. „Sou munch Betriber mussen zum Beispill hir Produktioun moderniséieren an dofir investéieren. Mir begleeden se bei der Strukturéierung vum Finanzement andeems mir déi passend Léisung fannen fir déi zukünfteg Entwécklung vun hirer Aktivitéit ze garantéieren“, erkläert de Charel Sunnen, Conseiller a Coordinateur am Service fir Betriber an Entrepreuneuren vun der Banque de Luxembourg.

D’Entwécklung vun engem Betrib kann och dozou féieren, datt laangfristeg Investitiounen néideg sinn, besonnesch fir d’Erweiderung oder d’Moderniséierung vu Betribsgebaier, de Kaf oder den Entretien vum Fuer- oder Maschinnepark an och fir den Kaf vun Parten intern oder ausserhalb vum Betrib. Fir dës ënnerschiddlech Projeten, déi zum operationellen an Eegentumsvolet vum Betrib gehéieren, bitt d’Banque de Luxembourg och déi passend Finanzementer un.

Ënnerstëtzung an den aktuelle Krisen

Déi aktuell Situatioun verlaangt och oft kuerzfristeg Finanzementer, op déi vill Betriber an de leschte Joren zréckgegraff hunn. „D’Energiekris, déi steigend Materialspräisser, de Mangel un Aarbechtskräften, d’Retarde vun de Payementer... Dat sinn alles Faktoren, déi dem Betrib seng Liquiditéite staark ënner Drock setze kënnen.  Et läit un ons, zur Zäit ze reagéieren, fir d’temporär Besoinen op dësem Niveau ze decken“ , ergänzt de Charel Sunnen vun der Banque de Luxembourg.

Der Banque de Luxembourg hire Service fir Betriber an Entrepreneuren këmmert sech iwwregens net eleng ëm déi professionnell Besoinen vun de Clienten, mee och em déi privat. „Am Alldag schaffe mir Hand an Hand mat onse Kolleegen aus dem Private Banking, fir hybrid Uspréch ze erfëllen, och wa munch Entrepreneure léiwer een eenzegen Uspriechpartner hunn”, erkläert de Charel Sunnen. „Mir mussen an der Lag sinn, op all d’Ufroe vum Entrepreneur ze reagéieren. Dofir bidde mir op Mooss geschneidert Léisungen un, fir him ze hëllefen di bescht Léisung ze fannen, an dëst ëmmer am Interessi vun sengem Betrib a senger privater Situatioun.”

D’Ekipp fir d’Betriber an Entrepreneuren vun der Banque de Luxembourg zielt eng ronn 20 Mataarbechter. „Ons Berodungsapproche besteet do dran, eis spezifesch Kompetenzen mat deene vun externe Partner vum Entrepreneur ze kombinéieren“, seet de Charel Sunnen ofschléissend.

Fir méi Informatiounen: Entrepreneurs - Banque de Luxembourg