Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D’Erausfuerderung fir d’Assurancë wéinst dem Klimawiessel

D’Erausfuerderung fir d’Assurancë wéinst dem Klimawiessel

D’Erausfuerderung fir d’Assurancë wéinst dem Klimawiessel

Sponsored Content

D’Erausfuerderung fir d’Assurancë wéinst dem Klimawiessel

Si heeschen Dennis, Ciara oder Inès. Stierm, Tornadoen an Iwwerschwemmungen – all des Evenementer, déi mam Klimawiessel zesummenhänken, kommen ëmmer méi heefeg och an eise Géigende vir, mat dausende Betraffenen a kolossale materielle Schied.

Si hunn en Impakt op d’ganz Bevëlkerung a sinn och eng grouss Erausfuerderung fir d’Assurancen, deenen hir Roll bei der Preventioun, der Entschiedegung an als engagéierte gesellschaftlechen Acteur hautdesdaags méi wichteg ass wéi jee.    

Wéi de Rescht vun der Welt gouf och Lëtzebuerg an de leschte Joren Affer vun anormalen an ëmmer méi heftege Klimaphenomener. De Klimawiessel, dee längst net méi just e Konzept ass, gouf zu enger batterer Realitéit, deier d’Mënschheet sech muss stellen a sech hirer bewosst ginn. D’Accorde vu Paräis, déi virgesi bis an d’Joer 2100 d’Klimaerwiermung ënner 2°C géintiwwer de preindustriellen Niveauen ze halen, ass dat bescht Beispill dofir.

Zur selwechter Zäit wou d’Beméiungen, fir d’Temperaturerhéijung an de Grëff ze kréien, weiderginn, hunn eng Rei vun Evenementer eist Liewen op d’Kopp gehäit. Am Juli vun dësem Joer hunn sintflutaarteg Reeschaueren an der Sauergéigend zu Lëtzebuerg, am Weste vun Däitschland an a verschiddenen Deeler vun der Belsch a vun Holland fir Opreegung gesuergt, net nëmme well se onmoosseg vill Wunnhaiser a materiell Gidder zerstéiert hunn, mä leider och leider ganz vill Mënscheliewe kascht hunn. Wat dat Materiellt hei am Land ugeet, huet d’Association des Compagnies d’Assurances du Luxembourg d’Schied un de Wunnengen an de versécherten Autoen op 120 Milliounen Euro geschat a schwätzt vun der deierster Katastroph an der Geschicht vun de Lëtzebuerger Versécherungen. Vum mënschleche Standpunkt sinn d’Schied net anzeschätzen, souwuel wat déi verluere Mënscheliewe wéi och déi zerstéiert Erënnerungen an d’Existenze betrëfft, déi nees mussen nei opgebaut ginn.  

Ënner sou Bedingunge sinn d’Erausfuerderunge kolossal, net nëmme fir déi Mënschen, déi direkt vun dësen aussergewéinleche Wiederphenomener betraff sinn, mä och fir eng Rei vun Acteuren, déi eng Roll beim Klimawiessel ze spillen hunn. Op der enger Säit mussen d’Staaten hir ëffentlech Infrastrukturen iwwerdenken an hier urbanistesch Reegelen un déi nei Bedingungen upassen. Anersäits hunn d’Assurancen, déi an dëse schwéiere Momenter un éischter Front op der Säit vun hire Clientë stinn, all Intressi drun, d’Ustrengunge vun der Gesellschaft fir d’Klimaerwiermung ze reduzéieren ze ënnerstëtzen. Dobäi stinn hinne gläich e puer Handlungsméiglechkeeten zur Verfügung, vun enger nohalteger Investitiounspolitik an enger virsiichteger Risikoakzeptanz bis hin zur Erneierung vun hire Produkter an hiren Déngschter um Client.

Fir dat besser ze verstoen, hu mir e puer Froe gestallt un d’Réjane Pepek, Responsabel fir d’Indemnisatioun an de Service um Client beim Foyer, iwwer d’Erausfuerderungen, virun déi grouss klimatesch Evenementer eng Versécherungsgesellschaft stellen:

Wéi abordéiert een als Versécherung eng Naturkatastroph ? 

Réjane Pepek: Ech géif soen datt een, wéi bei all Totalschued, reaktiv ass fir dem Client ze hëllefen. Ech erënnere mech un den Tornado deen 2019 de Süde vum Land getraff huet, et war freides owes. An den éischte Stonnen nodeems den Tornado duerchgezu war an de ganze Weekend, waren eis Agenten an hir Inspektere mobiliséiert, fir um Terrain present ze sinn an de sinistréierte Persounen ze hëllefen, déi éischt dréngend Mesuren ze huelen. Bei de rezenten Iwwerschwemmungen am Juli hunn eis Mataarbechter, Experten an Agente mat derselwechter Energie eis Clientë rassuréiert, si heiansdo och relogéiert, déi néideg Expertisen ausgefouert an och de massiven Zoufloss vun Dossiere geréiert.  

Wéi kann een sou Evenementer iwwerhaapt virausgesinn?  

RP: Grousst Héichwaasser an Iwwerschwemmunge kënnen zwar munchmol vun de  Wiederwarnunge virausgesot ginn, mä leider geschéien ëmmer méi Naturkatastrophe onversinns an ouni Virwarnung. Ech denken dobäi un de staarke Reen, deen d’Land gläich e puer Mol getraff huet, oder un den Tornado vun 2019. An deene Fäll ass et quasi onméiglech virauszesoen, dat esou en Evenement geschitt, wat erëm beweist, wéi wichteg d’Preventioun ass.   

360 Videos werden hier nicht unterstützt. Wechseln Sie in die Youtube App, um das Video anzusehen.

An deem Sënn huet déi rezent Augmentatioun vun Naturkatastrophen eng Abberzuel vu Leit derzou bruecht, sech géint Iwwerschwemmungen ze versécheren. Dat ass en exzellente Reflex, dee bal 80 Prozent vun eise Clienten haten, woufir ech hinne Merci soen. Iwwer d’Versécherung eraus kënnen och verschidde Preventivmoossname ganz hëllefräich sinn. Ech denken zum Beispill drun, datt e wichteg Dokumenter op eng sécher Plaz ënnerbrénge soll, oder Dispositiffen huelen, fir d’Waasser zeréckzedrécken.    

360 Videos werden hier nicht unterstützt. Wechseln Sie in die Youtube App, um das Video anzusehen.

Wat sinn d’Lektioune fir Zukunft? 

RP: De Klimawiessel ass do an doru wäert sech kuerzfristeg leider näischt änneren. Trotzdeem sinn ech als Assureur iwwerzeegt, datt mir eng Schlësselroll ze spillen hunn, net nëmme fir eis Clientë bei engem Schued ze indemniséieren, mä virun allem och fir si bei der Preventioun ze begleeden. Déi nei Technologie kënnen, zesumme mat den Donnéeën, déi mir iwwer d’Risikozonen hunn, wichteg Pluspunkte sinn, fir zukünfteg Naturkatastrophë besser a méi séier virauszegesinn.    

Donieft hu mir als institutionell Acteuren och eng Responsabilitéit géintiwwer eisen Aktionären, Liwweranten a Clienten. Mir mussen also weider handele fir Saachen ze veränneren a fir eng besser Welt ze suergen, sief et direkt duerch eisen CO2 Foussofdrock oder awer duerch eis finanziell Investissementer.

Méi Informatiounen