Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Wien däerf mam Adapto-Bus fueren a wien net

Leserbriefe Politik 2 Min. 07.09.2020

Ech war gëschter op Elleng an eng Garage, fir no mengem Lift am Auto ze kucken, deen dunn awer leider net konnt direkt gefléckt ginn, well dëst eng länger Reparatur mat sech bruecht huet.

Dunn hunn ech misste kucke, wéi ech dann heem kéim a wollt ewéi ëmmer een Adapto-Bus uruffen, deen och nach nëmme säi Betrib 200 Meter vu menger Garage ewech hat, krut awer dunn do mol gesot, datt si leider d’Hänn duerch de Ministère gebonnen hätten, fir nach een Adapto-Bus ze schécken.

Du krut ech eng Nummer vum Ministère, déi ech dann emol sollt uruffen, wat ech och gemaach hunn, du sinn ech mol opgekläert ginn, wann ee keng speziell Kaart vum Transportministär hätt, déi duerch mäin Hausdokter misst ugefrot ginn, fir datt dann eng Kommissioun decidéiert, ob een nach genuch „Krëppel“ ass, fir iwwerhaapt nach vun A bis B mam Adapto-Bus gefouert ze ginn, wat eng déck Sauerei ass, wëll hei jo all Argumenter vun Dokteren a Spezialisten an de Schied gestallt ginn, an dëst vun enger Kommissioun, wou weder ee Spezialist nach een Dokter oder een Handicapéierten ze fannen ass ...

Sofort weiterlesen
Geben Sie einfach Ihre E-Mail Adresse ein und lesen Sie den vollständigen Artikel.

Lesen Sie mehr zu diesem Thema

Was bewegt Sie?