Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Déifferdeng - Fir d’Ofrappe vum Hadir-Gebai

Leserbriefe Politik 3 Min. 22.10.2014

Leit vu baussen eran, di geleeëntlech an der Emile Mark-Strooss zu Déifferdeng a Richtung Zolver fueren, froe sech, wat di Ruin, dat Héichhaus op der rietser Säit do stoe mécht, wou se dach zu Déifferdeng sou äerdeg wiren, fir Gebaier wéi d’Parkierch, d’Killtierm, d’Héichuewen an anerer kuerzerhand ofzerappen.

Dat Gebai, dat Mëtt der siechzeger Jare gebaut ginn ass, war d’éischt Direktioun vun der Hadir, da vun der Arbed, duerno ass de CEPS/INSTEAD era geplënnert, an elo steet et jarelaang, zënter 2011, eidel, sou dass d’Mais an d’Raten do e riisegt Doheem op 35 m Héicht a 6 000 m2 fonnt hunn; méi nach: bal all Fënstere së scho ganz laang futti, an et huet scho viru kuerzem mussen d’Police geruff ginn, fir di vill Kanner dervun ofzehalen, sech op deenen eenzelne Stäck liewensgeféierlech opzehalen. Elo ass geplangt, dass d’Gemeng Déifferdeng d’Gebai mat ronn 370 Ar ronderëm opkeeft, well op där Plaz den neien Déifferdenger Lycée geplangt ass.

An op eemol soll d’Gebai elo nationaalt Monument ginn? Lächerlech! Jiddefalls ass d ’Erhalen di eestëmmeg Meenung vun der „Commission des sites et monuments nationaux“, och wann den Déifferdenger Gemengerot aus gudde Grënn fir d’Ofrappen ass. Firwat war di Kommissioun dann net fir d’Erhale vun de Killtierm, vun den Héichuewen a vun der Déifferdenger Parkierch, fir dat et eng Hällewull ganz gutt Grënn ginn huet? War d’Kierch da kee „Patrimoine remarquable“ mat „qualités architecturales et esthétiques“, wéi et dës Kéier an hirem Schrëftstéck heescht? D’Kulturministesch schéngt anerer Meenung ze së wéi d’Kommissioun, well si huet bis elo ferrem gezéckt an nach net fir d’Erhalen ënnerschriwwen an och nach net op eng parlamentaresch Ufro zu deem Thema geäntwert, obschonn den Délai fir d’Äntwert scho méi laang eriwwer ass. D’Erhalen an d’Restauréiere vum Gebai mat där Héicht a mat där Flaatsch ass jo einfach net ze bezuelen! An et huet och net gepasst an et géif och an Zukunft net an d’Bild vun der Stad Déifferdeng passen. A wéi léich dann deen neien Déifferdenger Lycée kleng, kleesper a verstoppt do hannendrun? Iwweregens brauch een d’Plaz ganz dringend fir dee Lycée. A wat géif iwwerhaapt mat deene restauréierte Raimlechkeete geschéien?

Et ass och scho schrëftlech ofgemaach, dass Arcelor no der Ënnerschrëft vum definitive Kafvertrag, déi fir den 30. Oktober virgesinn ass, d’Gebai ofrappt an den Terrain sanéiert.

Gewëss, et gëtt e puer Leit – bis elo hunn der ronn 200 ënnerschriwwen –, déi aus sentimentale Grënn fir d’Erhale vum Tuerm plädéieren, mee zu wéi engem Präis? Hir Argumenter sënn op alle Fall net staark genuch, fir d’Géigenargumenter ze zertrëppelen.

Roby Zenner

Déifferdeng

Lesen Sie mehr zu diesem Thema

Was bewegt Sie?