D’Fangeren ewech!
Et vergeet bal kee Mount, ouni dass iergendwou am Ländchen en aalt Bauerenhaus oder Gebai ofgerappt gëtt. Lëtzebuerg brauch Plaz. Den Eng-Millioun-Awunnerstaat schéngt ëmmer méi konkret ze ginn.
Natierlech mécht et kee Sënn, fir all alt a baufällegt Haus ouni historeschen oder architektonesche Wäert z'erhalen. Am Fall „Hengescht“ schéngt et sou ze sinn, dass laut „Sauvegarde du Patrimoine a.s.b.l.“ déi zwee Haiser duerchaus schützenswäert waren.
Wéi kann et dofir sinn, dass e Buergermeeschter, an dësem Fall dee vu Klierf, einfach mol zwee Bauerenhaiser vun 1792 an 1857 ofrappe léist? An dat obwuel d’Problematik vum Denkmalschutz déi lescht Zäit ganz intensiv an der Ëffentlechkeet diskutéiert gëtt an de Sujet all Mënsch bekannt dierft sinn? ...
Als Abonnent des Luxemburger Wort (Komplett- oder Digital-Abo) können Sie direkt auf alle Inhalte von Wort+ zugreifen.