Briefe an die Redaktion

Partizipativ Demokratie zu Lëtzebuerg

Foto: Shutterstock

Am Virfeld vum Referendum gouf d'Diskussioun ronderëm vum Alex Bodry als „gréissten Debat“ zu Lëtzebuerg ugekënnegt. En Debat iwwert e Referendum, dee groussen Impakt op Lëtzebuerg an d'Zukunft vum Land huet. En Debat, deen doriwwer entscheed op mer bereet sinn, eist Wahlgesetz méi oppen an inklusiv ze gestalten, an eiser Demokratie soumat méi Legitimatioun schenken. En Debat, op mer eis Gesellschaft weider entwéckele wëllen, oder op mer de Status Quo als bescht Zil vun der Integratioun a Matbestëmmung ugesinn.

Kuckt ee sech allerdéngs dëse „gréissten Debat zu Lëtzebuerg“ un, sou ass ee séier enttäuscht. Genau ee Mount virum Referendum geet dës Diskussioun réischt offiziell un, d'Parteien, d'Chamber an d'Regierung hu Startschwiiregkeeten, während se déi Theme laang gemidden hu wéi e waarmt Eisen. Ier déi grouss Campagne lancéiert ginn ass, goufe monter Sondagë gemeet, obwuel nach guer net wierklech diskutéiert ginn ass. Mam Startschoss vun der Campagne halen dës Sondagen dann op eemol op. Wéi sënnvoll se domat da wierklech sinn, sief mol dohi gestallt.

Dobäi wier et dach begréissenswäert gewiescht, wann déi ganz Campagne vun der Chamber sech iwwert eng méi laang Zäit ausgedehnt hätt. Déi proposéiert Froe beschäftege sech nämlech genau mat der Identitéit vu Lëtzebuerg. Wéi gesi mer eis, wéi ass eis Gesellschaft? Wie gehéiert dozou, wie loosse mer mat decidéieren? Froen, déi zwar säit Joren (wann net souguer Jorzéngten) indirekt ze spire waren, ginn endlech direkt ugeschwat. Fir de Leit ee Mount Zäit ze ginn, sech doriwwer ausräichend z'informéieren an och ze diskutéieren, ass méi wéi fahrlässeg.

Dës Campagne, déi als gréissten Debat ugekënnegt gouf, mécht et engem schwéier net anzeschlofen. Langweileg Informatiounsowenter vun der Chamber, e Parteiewahlkampf wou déi eenzel Parteien déi selwecht Panneaue benotze wéi fir d'Chamber- an d'Europawahlen an dat, obwuel de Parteienaccord eng budgetär Limite vun 100 000 Euro virgesäit. Eng CSV déi am Prinzip averstanen ass den électorat ze vergréisseren, dëst awer aus oppositounstaktesche Grënn net wëll zouginn, mat engem net iwwerzeegte Claude Wiseler an der éischter Rei. Eng ADR, déi souwisou aus dem läschte Lach päift a sech mat leschter Kraaft un d'Konstrukt vun enger Natioun hält. Eng LSAP déi mat rout-wäiss-bloen Affichen, déi ee sech vläit vum ADR erwaart hätt, probéiert de Patriot am Lëtzebuerger unzeschwätzen an eng gréng Partei, déi sech och net ze schued ass mat komeschen Affichen um rietse Bord fëschen ze goen. Mä och eng DP, déi op hir Affiche d’Ëmrësser vu Lëtzebuerg als Hannergrond mécht, enttäuscht do éischter. Dobäi gëtt et aus dem Ausland méi kreativ Ideeën, wéi een dat thematiséiere kéint. Sou kéint een déi ominéis „Auslänner“, déi ee mat entscheede loosse wëll, mol méi zu Wuert komme loossen, hinnen e Gesiicht ginn. Campagnen a Groussbritannien weisen, wéi dat goe kann.

Mä och doduerch dass déi dräi Froen zäitgläich gestallt ginn, hëlt een den eenzelne Froen och d'Méiglechkeet, wierklech debattéiert ze ginn. Momentan stinn nämlech d'Fro iwwert d'fakultatiivt Wahlrecht fir 16- a 17-järege souwéi d'Fro iwwert d'Mandatsbegrenzung absolut am Schied vun der Diskussioun zum Awunnerwahlrecht. Wier et net méi schlau gewiescht dës dräi Froe getrennt ze behandelen an zu verschiddenen Terminer ofstëmmen ze loossen? Wier dat net méi kohärent, wa mer vu wierklecher partizipativer Demokratie schwätzen? Oder sinn déi zwou aner Froen éischter als „Gadget“ unzegesinn a sinn d'Käschte fir wierklech partizipativ Demokratie ze héich fir d'Parteien? Mir lafe Gefor dass vill Leit „en bloc“ wielen, also entweder 3 x Jo oder 3 x Nee, woubäi d'Fro iwwert d'Awunnerwahlrecht iwwert d'Richtung entscheed. Dat ass alles op Käschte vun den aneren zwou Froen. Et besteet de Risiko do, dass aus dem Referendum e vote-sanction gemeet gëtt, wou d'Regierung ofgestrooft gëtt, wat och verhënnert kéint gi wann déi dräi Froe getrennt behandelt gi wären.

Och wann déi aktuell Regierung sech méi partizipativ Demokratie op de Fändel geschriwwen huet, sou ass dat nach net richteg ëmgesat ginn. Jorelaang schleeft sech d'Diskussioun ëm déi nei Verfassung, déi vun der politescher Elite an der zoustänneger Chamberskommissioun diskutéiert gëtt. D'Iddi fir Bierger a Biergerinnen an dëse Prozess z'integréieren, wéi dat beispillsweis a Kanada de Fall war, goufen zu Lëtzebuerg gekonnt ignoréiert. Do ännert eng gutt gemengten Homepage och net vill. A wann sech aner Deeler vun der ziviler Bevëlkerung probéiere sech an d'Diskussioun konstruktiv anzebréngen, sou gi se wéi de Forum séier an hirem Äifer gebremst. Et wiere genuch Méiglechkeete ginn, dësen Debat, dee guer net sou grouss ass wéi den Alex Bodry sech dat vläit gewënscht hätt, oppe fir jiddereen ze maachen. Mä dës Geleeënheet gouf verpasst, e consultative Referendum wou ee „Jo“ oder „Nee“ wiele kann, ass wäit ewech vu wierklech partizipativer Demokratie.

Dobäi ginn et nach vill aner wichteg Froen ze klären. Wéi wier et da mat engem Referendum iwwert d'Staatsform. Oder wéi wier et mat enger Zilsetzung vu Lëtzebuerg, mat Kultur, mat Grondrechter? Virschléi kommen aus allen Ecken, vum Akademiker, Blogger oder Kënschtler. Et si vill Virschléi do, mä sou wierklech nolauschtere wëll keen. Wat wierklech partizipativ Demokratie bedeit, dat muss Lëtzebuerg nach léieren. Mä dat, wat mer elo erliewen, ass nach wäit dovunner ewech.

Claude Biver, Blogger