Briefe an die Redaktion
Mir sinn elo 100 Joer laang gutt gefuer ...
An engem Artikel am Forum vum Mäerz 2015 schreift d’Michèle Finck, Fuerscherin op der Universitéit Oxford: „Die Nation ist ja nun einmal als die Gesamtheit der Luxemburger definiert. Da das Wahlrecht nur den Ausländern gewährt werden soll, die bereits zehn Jahre im Land wohnen, würde dies jene betreffen, die den Entschluss getroffen haben, nicht Teil der Luxemburger Nation sein zu wollen.“
Déi Lëtzebuerger Natioun besteet aus de Lëtzebuerger. Dobäi ass eis Natioun natierlech net stabel, mir maache se fir eis auslännesch Matbierger op. A jiddereen, dee wëll, ass wëllkomm, fir Lëtzebuerger ze ginn an esou och en Deel vun der Lëtzebuerger Natioun ze ginn. Säit der Aféierung vun der duebeler Nationalitéit brauch een net méi op seng al Nationalitéit ze verzichten, a bal 30 000 Auslänner hunn dat gemaach. E grousse Succès. An genau do soll d’Politik usetzen: d’Auslänner encouragéieren, fir Lëtzebuergesch ze léieren, hinnen d’Méiglechkeeten dofir ubidden, an hinne weisen, dass eis Sprooch eis um Häerz läit, méi däitlech nach erklären, wéi een déi duebel Nationalitéit ka kréien an d’Formalitéiten op der Gemeng, fir dëst ze erreechen, erliichteren.
Firwat sollte mir déi Leit wiele loossen, déi net wëllen en Deel vun eiser Natioun sinn? Firwat sollten Auslänner, déi net wëllen e Lëtzebuerger Pass unhuelen, fir eist nationaalt Parlament wielen? Wëllen d’Auslänner iwwerhaapt vun der Lëtzebuerger Chamber vertruede ginn? Hu mir deene Leit hir national Parlamenter gefrot, ob déi Länner d’accord si, fir dass eis Chamber hir Landsleit vertrëtt?
D’Lëtzebuerger Nationalparlament gëtt vun der Natioun gewielt a vertrëtt deemno och d’Lëtzebuerger Natioun an eben net d’Auslänner. E Fransous, deen zu Lëtzebuerg wunnt, wielt fir dat franséischt Parlament, an déi 34 000 Lëtzebuerger, déi am Ausland wunnen, wiele fir dat lëtzebuergescht Parlament.
Mir gesinn do keen Demokratiedefizit, jidderee ka jo wielen. Esou gëtt e Fransous, deen zu Lëtzebuerg wunnt, nach ëmmer vun der franséischer Assemblée nationale vertrueden. En huet souguer en Deputéierte fir seng Regioun am Ausland. Sollt hien eng Kéier am Ausland säi franséische Pass verléieren oder soss ee Problem hunn, da geet hien jo och op déi franséisch Ambassade an net op déi lëtzebuergesch. Wann ee seet, dass d’Chamber d’Land vertrëtt, dann heescht dat jo net onbedéngt, all d’Awunner, mä domat kann och de Corps électoral oder einfach d’Natioun oder de Staat gemengt sinn. Eis Chamber stëmmt Gesetzer, déi all Awunner souwéi Grenzgänger an Touriste betreffen, déi sech hei am Land ophalen. Dozou gehéieren zum Beispill d’Decisiounen, ob eng Autobunn gebaut gëtt oder op d’TVA erop geet oder net. Mä eis Chamber hëlt och Decisiounen, déi just d’Lëtzebuerger betreffen. Si decidéiert, ob Lëtzebuerg an engem Krich mat mécht, zum Beispill am Irak. Si decidéiert iwwert d’Memberschaft an internationalen Organisatiounen wéi Uno, Nato oder EU. Si decidéiert, ween e Pass dierf hunn an ween en eventuell kéint ofgeholl kréien.
Géif d’Auslännerwahlrecht agefouert ginn, dann hätte mir Lëtzebuerger als eenzeg Natioun an Europa keen nationaalt Parlament méi, an da géif d’Lëtzebuerger Natioun hir Souveränitéit verléieren. Da misst een den Artikel an der Verfassung sträichen, dee seet: „Le pouvoir souverain réside dans la nation“. Domat géife mir no iwwer 100 Joer a ganz vill Schweess an Affer, déi bruecht gi sinn, eis national Souveränitéit opginn.
Dofir hoffe mir, dass d’Leit de 7. Juni Nee soen. Mir sollten eis gutt iwwerleeën, ob et wierklech Sënn mécht, am Numm vun der „Modernitéit“ oder enger „Virreiderroll“ als eenzeg Natioun an Europa eist nationaalt Parlament, fir ëmmer, opzeginn. Och vun de strikte Konditioune sollte mir eis net täusche loossen, schonn haut gëtt dovu geschwat, fir se ofzeschafen oder opzelackeren.
En Auslännerwahlrecht, wat iwwerdeems weder d’Lëtzebuerger nach d’Auslänner haart gefrot hunn. En Auslännerwahlrecht, wat am Januar 2013 an der Chambre de commerce bei engem Besuch vum Wirtschaftsminister Etienne Schneider esou réischt richteg lancéiert ginn ass.
Mir sinn elo 100 Joer laang gutt gefuer mat ganz villen Immigranten aus Polen, Italien, Portugal a villen anere Länner, an och wann et mol Schwieregkeeten gouf oder gëtt, déi vill Immigranten an hir Kanner hu sech letztendlech gutt integréiert, a stellt Iech mol vir: Alles dat war méiglech ... ouni Auslännerwahlrecht! [...]
Fred Keup, Mamer (nee2015.lu)
