Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Briefe an die Redaktion: Manner Beem, manner Accidenter

Leserbriefe Politik 3 Min. 15.10.2014

Bonjour Här Hammelmann, Dir wëllt d'Stroosse méi sécher maachen? An dat mat Hëllef vu Radaren? Da kann ech nëmmen de Kapp rëselen ... Net déi di géint Radare sinn, sinn eng Null, ma vill méi déi, di nët kënne rechnen an zielen. 11 Millioune kascht dat do an déi Sue kommen ni méi eran. Déi si fort. A wat bewierken d'Radaren an der Praxis? Et gëtt effektiv méi lues gefuer, awer nëmmen ob deenen 100 Meter, wou de Radar steet ... Virdrun an hannert dem Radar awer guer net ... Also absoluten non sens. Jo fir Är Statistik ass dat gutt, well op deene „geféierleche“ Plazen manner Accidenter geschéien ... awer de Problem bleift! Dëse gëtt just op eng aner Plat versat!

Wéi kënnt Dir gleewen, datt a Frankräich 30 000 Accidenter 
duerch Radare verhënnert ginn? Dat sinn nëmme Spekulatiounen oder ruffen d'Leit un a soen: Lo 
huet de Radar mer grad d'Liewe gerett oder en Accident verhënnert!? Dat beschte Beispill sinn déi däitsch Autobunnen, wou et keng Limite fir d'Vitesse gëtt. Genau ob deene Platzen geschéien der Statistik no déi mannsten Accidenter!

Dat misst een dach zum Iwwerleeën ureegen!? Vill méi misst eppes un der Infrastruktur vun de Stroosse geschéien! Dass dës méi iwwersiichtlech ginn an doduerch vill méi sécher ginn! Ech schwätzen hei vun Hecken a vu Beem, déi vill ze no un de Stroossen a Schëlder, déi ze wäit an de Kräizunge stinn. Och dëst ass bekannt an de Statistiken, dass déi meescht Verletzten an Doudeger an de Beem hänke bleiwen! Ech an nach vill aner Leit hu guer näischt géint Beem, mir hunn d'Natur gär, ma dofir ginn et Bëscher! Laanscht d'Stroossen hunn dës näischt verluer. Kuckt dach emol just viru kurzem, wou eng Fra tëscht 
Käerch a Stengefort an e Bam geknuppt a gestuerwen ass. Déi Fra war mat Sécherheet net ze schnell also hätt och de Radar näischt gehollef. Op där Streck, déi ech och vill fueren, fiert keen mat 90 km/h an awer geschéie vill Accidenter. Vill Accidenter geschéien net, well een ze schnell ass. Ma dës Stroosse sinn oniwwersiichtlech, an emol ze spéit agelenkt a schonns hänkt een am Bam.

Wieren déi Beem net do, wiere vill manner Doudeger op onse Stroossen. [...] Do komme mer dann direkt zum nächste Punkt, de Rondpoint Gluck. Wann hei am Land e Rondpoint gutt gezeechent a sécher ass, dann ass et de Rondpoint Gluck. Et deet mer Leed, mä wann een déi honnertdausend 
Luuchten an Schëlder net gesäit an da voll an déi Mauer rennt, deen ass dann eng Null, wéi Dir an Ärem Communiqué sot, an net déi, di géint e Radar sinn, well dat sinn éischter Realisten! Fir dann aus engem Rondpoint, wat iwwregens den eenzege Moyen ass, fir dass et am Verkéier eenegermoosse fléissend leeft, eng Kräizung mat roude Luuchten ze man, kann een alt erëm nëmmen de Kapp rëselen.

Wat mengt Dir, déi Leit déi d'Luuchten an d'Schëlder elo vum Rondpoint Gluck net gesinn hunn, wisou sollen déi di rout Luuchten vun der Kräizung gesinn? An wann Dir déi Fro weider ausbaut, wat geschitt, wann d'Kräizung do ass an et kënnt een, deen riicht 
duerch rennt? Ma dann ass dësen net nëmmen eng Gefor fir sech selwer, ma rennt och nach an déi aner Autoen. Dat nennt sech dann Sécurité routière.

Claude Lucas

De Bäitrag „Verkehrssicherheit für Dummies“ vum Paul Hammelmann kann op www.wort.lu an der Rubrik „Leserbriefe“ nogelies ginn.

Lesen Sie mehr zu diesem Thema

Eis Radaren – eng gutt an néideg Saach
Ech hale mech meeschtens un d’Limiten, och scho virun dëser Neierung, an hunn och guer kee Problem mat de Radaren. Ech muss awer leider feststellen, dass ech zanter der Aféierung vun deene fixe Radare manner op d'Strooss konzentréiert sinn a méi op den Tachometer vum Auto.
5.3. Greivelsbarriere / Radarwarnschild/ Hinweisschild Radar / Radargeraete / Verkehrkontrolle Foto.Guy Jallay
De Bauer vun haut ass e Multitalent
„Oh mei, wat ass dann nëmme mat de Bauere lass. Si sinn nie zefridden, weder mam Wieder nach mat der Politik, vun de Praïsser guer net ze schwätzen. Mee wou ass dann de Problem, si kréie jo awer vill Sue vum Staat, fueren déck Trakteren an den décken Auto steht och am Haff.“
Bauer G�
Briefe an die Redaktion: Kanner, Kichen ... Crèche
Déi lescht Wochen a Méint ginn d'Stëmme méi hart, déi an de vergaangene Joren ëmmer méi un de Rand vun eiser Gesellschaft gerode sinn, d’Stëmme vu Mammen a Pappen, déi deels oder ganz doheem bliwwe sinn oder bleiwen, fir hir Kanner selwer ze betreien.
Was bewegt Sie?