Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Briefe an die Redaktion: Firwat net e Paradigma-Wiessel?

Leserbriefe Politik 5 Min. 01.09.2014

Eis Gesellschaft soll all déi Leit, déi Hëllef brauchen, ënnerstëtzen, mee all déi Leit, déi Hëllef kréien, sollten, je no hire Méiglechkeeten, och der Gesellschaft hëllefen.

Zu Lëtzebuerg gëtt et vill Leit, déi vun den „indemnités sociales“ liewen: Leit, déi keng Schaff hunn, déi den RMG kréien, oder anerer, déi sech an enger „mesure de reclassement“ befannen, asw.

Dës Leit si beileiwen net ze beneiden, well déi Situatioun, an deeër si sech befannen, kann haut oder moar jiddwereen zu Lëtzebuerg treffen.

D’Allgemengheet ass solidaresch an ënnerstëtzt dës Leit, an dat ass och gutt esou, well ganz vill Leit net fir hir precaire Situation verantwortlech sinn, mee Opfer si vun z.B. Rationalisatiounen. An et gëtt och ëmmer méi Leit, déi deen Drock op der Aarbecht net méi aushalen an doduerch krank ginn, mat alle Konsquenzen. An d’Leit, déi e méi oder manner groussen Handicap hunn, hunn och ëmmer méi Problemer, sech um Aarbechtsmaart ze behaapten.

Allerdings gëtt et och deeër, déi schlicht an einfach net schaffe wëllen, well et an eisem Sozialsystem schwéier verständlech Ongereimtheeten gëtt, déi den Abus provozéieren, jo zuguer ënnerstëtzen. Als Beispill, eng Koppel mat dräi Kanner: mat RMG a Kannergeld hu si 2 825,71 Euro de Mount. Si sinn net bestuet, an op zwou Adressen ugemellt (et ass ee jo net domm) hu si 775,33 Euro méi ewéi en net qualifizéierte Salarié. Dobäi komme jo och nach all déi Extrazoulagen, d’Akafen am Cent-Buttek asw.

Dass Leit, déi „indemnités 
sociales“ (Chômage, RMG, Invaliderent …) kréien, an eiser heiteger Gesellschaft stigmatiséiert sinn, ass net vun der Hand ze weisen, well ze oft ginn esou Leit gläichgestallt mat Lidderhanessen, obwuel der ganz vill vun hinne gären erëm enger gereegelter Aarbecht géifen nogoen. An hei wier e Paradigmewiessel ganz gutt.

Wann d’Gesellschaft esou Leit ënnert d’Äerm greift, wier et dann net ubruet, wann déi Leit der Gesellschaft eppes géifen zréckginn, andeems se Aarbechten, am Intérêt vun der Allgemengheet, géife verriichten. Firwat sollen net all dës Leit, déi ganz normal kéinte schaffe goen, motivéiert ginn, hire Moyene no, erëm um alldeegleche Liewen deelzehuelen.

Firwat gëtt z.B. den RMG oder de Chômage net an zwee Deeler gespléckt, wouvu jiddwereen di eng 50 % automatesch zegutt hätt, an di aner Hallschecht awer pro rata vu senger Aktivitéit am Dingscht vun der Allgemengheet géif berechent ginn. Esou géif d’Schaffen erëm revaloriséiert ginn.

Mat e bësse Fantasie a vill guddem Wëll kéint een, ouni engem Cigl oder soss iergendengem deloyal Konkurrenz ze maachen, ouni zousätzlech Käschten, eng Abberzuel Aktivitéite fannen. Dëst misst just richteg koordinéiert ginn, an et misst dach och méiglech sinn, déi Leit, no enger klenger Formatioun sënnvoll anzesetzen. Dat wier bestëmmt eng Win-Win-Situation.

Domadder géif sech och automatesch erausschielen, wéi eng Leit sech fir näischt ze schued sinn, fir erëm „an der Gesellschaft Fouss ze faassen“, a wéi eng Leit ganz einfach hiert Liewe laang wëlle „Sozial-Schmarotzer“ bleiwen.

Wann een deem gleewe kann, wat eisen Aarbechtsminister, den Här Nicolas Schmit, de leschte 5. Mäerz an engem Interview op RTL-Radio, behaapt huet, wier eppes „an der Pipeline“, mee Pipeline schéngt laang ze sinn an de Minister ass schonns véier Joer do. Am éischten Trimester 2014 ass de Chômage hei am Land ëm 6,6 % eropgaang, a Wallonien, Lothringen, Rheinland-Pfalz a Saarland ass d'Variatioun zwësche minus 0,1 a plus 1,8 %! Ech héieren den Här Schmit soen: Mir hunn eben en ontypeschen Aarbechtsmaart. Sinn déi 2 275 lothringesch Grenzgänger, déi am éischten Trimester eng Plaz zu Lëtzebuerg fonnt hunn, nëmmen héich qualifizéiert an héich diploméiert Leit? Mon œil!

Déi „ouni Schaff“ sinn natierlech just ee Stéck am Puzzle vum Sinneswandel. Op der anerer Säit vun der Gesellschaft brauche mer eppes Ähnleches. Firwat kann een, deen e „gehuewend“ Akommes huet, dat, dank engem clevere Steierberoder, esou „friséieren“, dass him, iwwerspëtzt gesot, um Enn just e bësse méi wéi de qualifizéierte Mindestloun iwwreg bleift?

Et kann ee mat rouegem Gewësse behaapten, dass Wirtschaftskriminalitéit a Steierhannerzéiung eise Staat zegmol méi kascht, wéi sämtlech „indemnités sociales“ zesummen. Eis Regierung soll sech derfir asetzen, dat europawäit eng Räichesteier agefouert gëtt.

Ass et gerecht, dass eng Persoun, wéi z.B. den Här Lakshmi Mittal, deen op der Forbes-Lëscht vun de räichste Leit op der Welt ganz vir am Klassement figuréiert, all Sozialplang, ob bei eis oder am Ausland, um Bockel vun der Allgemengheet ofwéckelt? Sou Leit schéngen net ze bedenken, dass och si, egal wi räich se sinn, wa se dës Welt verloossen, absolut 
näischt matkréien.⋌

A bon entendeur

Raymond Scharpantgen

Lesen Sie mehr zu diesem Thema

D’Mäerche vum bëllegen Atomstroum
Äntwert op de Lieserbréif vum Bill Wirtz vum 22. Oktober „Mat gréngen Horrorszenarie mat de Gefiller vun de Leit spillen. D'Angscht virun der Atomenergie gëtt äis an d'Ëmwelt eng deier“.
Dagdeeglechen Terror, a wéi domatter eens ginn?
Egal wéi, déi Ongerechtegkeet muss einfach ophalen an déi nächst Steierreform muss deem Rechnung droen. Oder wëll onse Staat de Problem esou léisen datt hien dës Leit einfach ignoréiert bis se komplett ënner ginn an hirem Partner noginn?
Imp�ts-taxes-d�claration fiscales
De Bauer vun haut ass e Multitalent
„Oh mei, wat ass dann nëmme mat de Bauere lass. Si sinn nie zefridden, weder mam Wieder nach mat der Politik, vun de Praïsser guer net ze schwätzen. Mee wou ass dann de Problem, si kréie jo awer vill Sue vum Staat, fueren déck Trakteren an den décken Auto steht och am Haff.“
Bauer G�
Briefe an die Redaktion: Kanner, Kichen ... Crèche
Déi lescht Wochen a Méint ginn d'Stëmme méi hart, déi an de vergaangene Joren ëmmer méi un de Rand vun eiser Gesellschaft gerode sinn, d’Stëmme vu Mammen a Pappen, déi deels oder ganz doheem bliwwe sinn oder bleiwen, fir hir Kanner selwer ze betreien.
Was bewegt Sie?