Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Briefe an die Redaktion: D'Sprooch bei de Kanner: Mat engem Joer an engem fragile Stadium

Leserbriefe Politik 5 Min. 10.11.2014

Ech sinn Orthophonistin. Wann ech héiere wéi eis Politiker un de Sproocheproblem erugoe wëllen, zweiwelen ech staark drun datt ee Sproochenexpert, sprich Orthophonist oder Logosproff ëm Rot gefrot gouf. Et ass net sënnvoll mat engem Joer eng nei Sprooch anzeféieren.

E Kand fänkt an der Moyenne mat ca. sechs Méint un ze babbelen. Ab dem Moment ass d’Mammesprooch gefestegt. Daat heescht ab deem Moment sinn déi Lauter, déi d’Kand produzéiert an all Sprooch verschidden, an d’Kand kann net méi all Lauter ënnerscheeden. Virdru kann et zum Beispill och d’Nuancen am Chineseschen ënnerscheeden, wat et herno, soe mer mol als lëtzebuergeschsproochegt Kand, net méi kann. E bilinguet Kand kritt een also, sougesinn am Beschte vun doheem aus, vu Gebuert un, mat enger strikter Sproochentrennung.

Mat engem Joer kenne vill Kanner e puer „Wierder“, Déieregeräicher, awer net méi. Si sinn amgaangen hirt Sproochkenntnis um non verbalen Niveau auszebauen, a kuerz drop kommen ëmmer méi Wierder. Net all Kanner schwätzen an deem Alter, verschiddener fänke mat 18 Méint un, an nach anerer mat zwee Joer, wat awer an deem Fall scho spéit ass.

Kuerz: mat engem Joer ass d’Sprooch nach an engem Stadium deen immens fragile ass, an d’Kand leescht eng enorm Aufgab, déi Wierder ze verstoe léieren, Konzepter ze ergräifen (daat ass e Stull, daat ass en Dësch …), an lues a lues déi Wierder och ze reproduzéieren. Et ass fir mech ee schlechten Zäitpunkt mat enger zweeter Sprooch unzefänken. Ech ka mir virstellen, datt et d’Kand méi destabiliséiere géif wéi soss eppes. An et huet net onbedéngt dofir besser Chance fir herno déi Sprooche gutt ze kënnen. Am Géigendeel.

Am Kloertext: Ee Kand, datt bilingue opwiisst huet generell gutt Chancen, bis 3-4 Joer béid Sproochen ze beherrschen, mat engem liichte Retard par rapport zu engem dee monolingual opwiisst (awer net zwéngend), Wann d’Sprooche gutt getrennt goufen an, ganz wichteg am Kontext vum Gesetzesentworf, d’Kand an engem emotional stabillen Heem opgewuess ass. Well den emotionale Faktor, Stress asw. spillen eng enorm Roll op Sproochentwécklung. Kanner, déi an ongeregelten, chaotesche Verhältnisser opwuessen, Kanner déi net genuch Zäit kréien, fir zur Rou ze kommen hunn vill méi dacks Problemer an de Sproochen. Daat kann ech lo direkt net mat enger konkreter Etude beleeën (woubäi et solcher dierft ginn, mee ech hunn déi Informatiounen net zur Verfügung), allerdéngs hunn ech et a ménger praktescher Aarbecht ganz dacks dierfte live erliewen. Ech hunn an der équipe multiprofessionnelle an am Centre de Logopédie geschafft a genuch dovu gesinn. Et sief och gesot, datt et natierlech Kanner gëtt, déi mat engem Joer eng nei Sprooch kruten oder wat och ëmmer, an trotzdem super schwätzen. Et ass och net gutt, Sproochen ze mëschen an awer ginn et Leit, déi et maachen a Kanner kréien, déi super schwätzen. Et ass esou, datt wann ee Kand sproochlech gutt ass, et an all Situatioun gutt Chancen huet, eng korrekt Sprooch ze entwéckelen. Dat sinn dann awer déi Kanner, déi souwisou keng Ännerung bräichten, well déi ginn och sou wéi et elo ass, am Schoulsystem gutt eens …

Kloer ass och dëst: E Kand, datt eng Sprooch gebuede kritt, an se gutt gebuede kritt, also e korrekt Virbild, an déi Sprooch gutt beherrscht, huet domat d’Viraussetzungen, fir herno all aner Sprooch drop ze bauen. Et ass also am sënnvollsten, sech op eng Sprooch ze konzentréieren, déi d’Kand herno richteg gutt kann, an doduerch d’Basis ze bidden fir aner Sproochen drop ze bauen. Mir wunnen zu Lëtzebuerg. Kaum méi ee Kand kënnt an d’Schoul mat just Lëtzebuergesch als Sprooch. Et wier also vill méi sënnvoll, de Kanner fréi genuch ze erméiglechen, lëtzebuergesch ze léieren.

Natierlech ginn et genuch Kanner, déi mat engem Joer an eng lëtzebuergesch Crèche ginn an doheem eng aner Sprooch schwätzen, an eens ginn. Ech gesinn ee Joer awer net als e gudden Timing.

Dräi Joer ass fir mech besser fir eng nei Sprooch, well dann déi éischt Sprooch bei ville Kanner gefestegt ass (wierklech gefestegt souguer réischt mat véier Joer, mee den Niveau vun dräi Joer ass generell schonn net schlecht). Ech gleewen nët drun, datt et hëllefe soll sou fréi eng weider Sprooch anzeféieren. Et ass vill ze vill fir ee Kand ze geréieren, ganz besonnesch wann et doheem nach aner Sproochen huet, ee Kand waat grad iwwerhaapt mol léiert ze schwätzen, an et sinn dach grad an deene Populatiounen esou vill Kanner dobäi, déi sproochlech net méi nokommen.

Wat maachen? Op d’Mammesprooch pochen. D’Elteren solle Sproochen net mëschen, a sech Zäit huelen, mat hirem Kand ze schwätzen. Wann et dann eng Crèche soll ginn, dann op kee Fall eng wou Sproochen nëmme riselen, mee eng wou eng Sprooch geschwaat gëtt, a firwaat net déi vun doheem? Oder wéinstens dann lëtzebuergesch. Dat ass meng Conclusioun.

Murielle Lemvoka-Raskin

Lesen Sie mehr zu diesem Thema

En Quote-Fra ze sinn, ass net sexy
Lo läit jo e Projet de loi um Dësch, fir eng Geschlechter-Quote op de Wahllëschten anzeféieren. Ech sinn am allgemenge kee Frënd vu Quoten, an hei maache se nach vill manner Sënn wéi op anere Plazen.
Wahlen Frauenquote wählen
Zur Dispens vum Sproochentest
Bei allem Respekt fir den Här Wiseler kann ech net verstoen, firwat hien engem Auslänner, deen 20 Joer hei am Land wunnt a gären eis Nationalitéit unhëlt, de Sproochentest schenke wëll.
Redewendungen in rund 50 Sprachen parat: Moien-Der globale Sprachf�hrer kann vor allem f�r Vielreisende eine Bereicherung sein. Foto: Cheryl Cadamuro
Well de Fuuss net méi däerf geschoss ginn ...
Ech weess, et gouf scho vill geschriwwen, mee ech wëll e puer Saachen hei lass ginn. Am Moment sinn ech net vill am Land, mee ech hunn déi ganz Saach iwwert divers Reportagen, Interviewen, Zeitungsartikelen an op Facebook verfollegt, an ech sinn nawell béis erstaunt!
Briefe an die Redaktion: Kanner, Kichen ... Crèche
Déi lescht Wochen a Méint ginn d'Stëmme méi hart, déi an de vergaangene Joren ëmmer méi un de Rand vun eiser Gesellschaft gerode sinn, d’Stëmme vu Mammen a Pappen, déi deels oder ganz doheem bliwwe sinn oder bleiwen, fir hir Kanner selwer ze betreien.
Was bewegt Sie?