Als eenzegt Vollek keen nationalt Parlament méi
Als eenzegt Vollek keen nationalt Parlament méi
Eist nationalt Parlament, d'Chamber, vertrëtt déi 335 000 Lëtzebuerger, déi et gëtt, dovun 301 000 zu Lëtzebuerg an 34 000 am Ausland. Genau wéi bei all anerem nationale Parlament an Europa vertrëtt d'Chamber nimools alleguer d'Awunner vu Lëtzebuerg an op kee Fall déi Auslänner, déi hei wunnen.
Si hunn hir eege Parlamenter an deene Länner, wou si och hire Pass kréien an eventuell hire Militärdéngscht musse leeschten. Den däitsche Bundestag vertrëtt och net déi Fransousen, Tierken oder Lëtzebuerger, déi zu Köln oder Hamburg wunnen. Par contre vertrëtt de Bundestag déi däitsch Bierger, déi zu Lëtzebuerg wunnen an dofir wiele si och fir de Bundestag.
Sollt d'Auslännerwahlrecht kommen, géif dat bedeiten, dass d'Lëtzebuerger als eenzegt Vollek an Europa keen nationalt Parlament méi hätten. Domat hätte mir eis Natioun an eis Souveränitéit ofgeschaf. Mat engem sougenannten „Awunnerwahlrecht“ kéinten iwwregens déi Lëtzebuerger, déi am Ausland wunnen, néirens méi wielen.
Am Sënn vun der ganzer Lëtzebuerger Natioun wier et also besser, d'Auslänner géife weiderhin fir hir Parlamenter wiele goen. Fir eis Chamber wielen dann, wéi bis elo, all d'Lëtzebuerger plus déi Auslänner, déi sech fir d'Lëtzebuerger Nationalitéit entscheeden an domat weisen, dass se sech mat eiser Geschicht, eiser Identitéit, eiser Sprooch, eisen Traditiounen an eiser Kultur identifizéieren an doduerch eng emotional Bindung zu eisem Land hunn.
Fred Keup, Mamer
Als Abonnent wissen Sie mehr
In der heutigen schnelllebigen Zeit besteht ein großer Bedarf an zuverlässigen Informationen. Fakten, keine Gerüchte, zugänglich und klar formuliert. Unsere Journalisten halten Sie über die neuesten Nachrichten auf dem Laufenden, stellen politischen Entscheidern kritische Fragen und liefern Ihnen relevante Hintergrundgeschichten.
Als Abonnent haben Sie vollen Zugriff auf alle unsere Artikel, Analysen und Videos. Wählen Sie jetzt das Angebot, das zu Ihnen passt.
