Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Konscht an der Kierch zu Zolwer.


Konscht an der Kierch zu Zolwer.


Zolwer. „D’Frënn vun der Neier Poar Suessem“ a.s.b.l haten op hier éischt Austellung an d’Zolwer Nikloskierch invitéiert. 9 Artisten aus der Gemeng Suessem sin dem Opruff no komm an et ass eng flott, ofwieslungsreich Austellung derbäi eraus komm.

Agnès Bartocci, Anne Logelin, Georgette Notari-Krecké, Franca Romeo, Nadia Wiethoff-Menichetti an Fritz Schleck hun Molerei an all hieren Facetten,Farwen a Styler gewisen. Ze bewonneren woaren dem George Gérard seng Graphit-Zeechnungen an dem Bim Herber seng bekannten Karikaturen an och seng schéin Aquarellen. Skulpturen an Keramiken vum Roland Wauters konnte en bestaunen. Alles an allem eng interessant an ofwieslungsräich Austellung am Kontrast zur sakraler Konscht an der Nikloskierch.

Musikalesch Einlagen goufen vum Eva Schockmel gekonnt op der Gittar présentéiert an den Zeechner George Gérard huet mat sengen gefillvollen Gesangseinlagen iwwerrascht. Do schlummert nach vill Talent.

D’Kënschtler an de Comité vun de „Frënn“ hun ënner sech eng Kollekt gemach an konnten den Erléis vun 580.- € der Responsabler vum „Télévie“ Gemeng Suessem, dem Franca Romeo iwwerreschen.