Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Um BIL-Classics Rallye

De Guy, d'Liliane an de Ben Loos waren de leschte Samschdeg mat hirem Oldtimer e Panhard-Levassor vun 1936 um BIL Classics Rallye ënnerwee. Ett wor deen eelsten Auto deen beim Rallye matgemat huet. Deen wonnerschéinen a perfekt restauréierten Auto, an deem nëmmen Originalstécker verschafft goufen, huet di 250 Kilometer ouni Probleemer gepackt. Ett wor e flotten Tour duerch eist Ländchen, zesummen mat villen aaneren Oldtimerfrënn, deen allen di mat gemat hun gudd gefall huet. Vill Leit hun sech op dem Knuedler di aal Autoen ugekuckt a esou muncher een huet den Auto aus senger Jugend oder vun sengen Elteren oder Grousselteren erëm erkannt.

E groussen Merci den Organisateuren.