Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Nei beim Comité Alstad fir Chrëschtdag

" Schéin Ecken aus der Alstad vum Joseph Kutter“ an
„ 2 Vuën vum Mansfeld-Schlass a Clausen“

De Joseph Kutter, den 12. Dezember 1894 an der Stad Lëtzebuerg, an der Wiltheimstrooss um Fëschmaart, gebuer an do den 2. Januar 1941 gestuerwen, wor ee vun deene bedeitendste lëtzebuergesche Moler.

Hie war de Brudder vum Fotograf Édouard Kutter sen. an de Papp vum Chemiker Dolphe Kutter. De Joseph Kutter ass an der Stad Lëtzebuerg opgewuess, wou en an de Kolléisch an an d'Handwierkerschoul goung, well een do zeechnen a mole léiere konnt. Vun 1911 bis 1914 huet hien op de Kunstgewerbeschulen vu Stroossbuerg a München studéiert, an 1916 zu Köln Glasmolerei. 1918 huet heifir e puer Méint zu München d'Akademie besicht, an ass an där Stad bis 1924 bliwwen.

Seng Biller charakteriséiere sech schonn am Ufank duerch éischter däischter Faarftéin, ginn dann, ënner dem Androck vum Paul Cézanne méi hell, dann, ënner dem Afloss vum Expressionismus, nees méi däischter. De Kutter huet Landschaftsbiller vu Venedeg, Saint Tropez a Calvi, an och Dierfer aus dem Éislek gemoolt. Hinnen entstréimt eng melancholesch Stëmmung; den Himmel oder den Hannergrond sinn däischtergréng oder schwaarz.

Bekannt sinn och seng Kannerportraitën a Portraitë vun him selwer. Seng Selbstportraitë loosse seng bannenzeg Onrou spieren. Eng Serie Biller vu Clownen, déi 1936-1937 entstinn, weise soss näischt wéi Niddergeschloenheet a Verzweiwelung.
De Joseph Kutter huet awer och déi schéin Ecken vun der Alstad gemolt, a mir sin frou dass mir dës Farde mat 4 Vuë vun der Alstad fir den 75. Doudesdag vum Joseph Kutter présentéiere kënnen.

D’Farde, am Format DIN A4, kritt een zum Präis vun 25,00 €.

Den Erléis vun der Vente ass dëst Joër fir d’Organisatioun Mathëllef a.s.b.l | Atelier thérapeutique pour personnes souffrant de maladies psychiques (www.mathellef.lu) um Mutferterhaff.

D’Mansfeldschlass a Clausen

Zum 500. Gebuertsdag vum Peter Ernest vu Mansfeld (1517-1604), bitt de Comité Alstad fir d’Feierdeeg och eng Farde mat 2 Vuën (50 x 40 cm) vum Mansfeld sengem Schlass « La Fontaine » dat de fréiere Gouverneur vu 1563 un a Clausen baue geloss huet. D'Bauarbechten hu bal 40 Joer gedauert, mée vum Schlass ass haut leider net mé vill erhalen.

Déi éischt Vue ass eng Aquarell aus dem Joer 1890 vum Ernest Werling (1851-1916) an déi zweet ass eng Zeechnung aus dem Ënn vum 16. Jorhonnert, déi dem Tobie Verhaegt 1561-1631) zouerkannt gött.

D'Farde selwer weist baussen eng Vuë vum Schlass, vum lëtzebuerger Pierre Blanc aus dem Joer 1927 an e Portrait vum Peter Ernest vu Mansfeld. Eng Vue an Aquarell aus dem Joer 1890 ass vum Ernest Werling (1851-1916) an déi zweet Vue ass eng Zeechnung, Ënn 16. Jorhonnert, déi dem Tobie Verhaegt 1561-1631) zouerkannt gött.

D’Farde vum Manfeld’s Schlass am Format 50 x 40 cm, kritt een zum Präis vun 40,00 €.
Bestelle kann en d’Farden beim Comité Alstad duerch Iwwerweise vun der entspriechender Zomm op ee vun onse Konten, mat dm Vermierk: Farde “Joseph Kutter” oder Farde “Mansfeld”:

bei der Spuerkees: IBAN LU64 0019 1755 0897 0000
oder Postscheck: IBAN LU02 1111 0080 8736 0000
oder bei der BGL-BNP Paribas: IBAN LU19 0030 7564 6694 0000