Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Liichtmëssdag 2020

Den 02. Februar feiere mir jo hei zu Lëtzebuerg bekanntlecherweis “Liichtmëssdag”. Mir hunn eis dëst Joer iwwerluecht, datt Dir dëst Liicht vu Jesus Christus ganz bewosst un Äre Famill, Ären Noper, Är Frënn... viru schenke sollt.

Natierlech ass dat traditionell “Liichte goen” aus Aktualitéitsgrënn net méiglech – mee och hei hu mir eng Alternativ fir Iech:

Huelt ee Glas (z.b. vu Gebeess) a stellt doranner eng Käerz / een Téiliicht. Gären dierft Dir dat Glas och nach dekoréieren – hei sinn Ärer Kreativitéit keng Grenze gesat – an hänkt ee Schëld mat engem Seegenswonsch drun. Eng Virlag fir sou Schëlder sinn op eiser Homepage an engem PDF-Dokuement ze fannen.

Drot elo Är Käerz virun d’Hausdier vum Noper (oder vun de Frënn, der Famill) a stellt si ugefaangen dohin.

Kommt a maacht mat – a vergiesst net, eis eng Foto op massendenger@cathol.lu ze mailen. Mir maachen eng Galerie op eis Homepage (https://web.cathol.lu/article9791) a kënnen esou all eis flott Réckmeldunge bewonneren.



français:

Il est bien connu que nous fêtons le 2 février la fête de la Chandeleur. Cette année nous vous proposons de porter à bon escient la lumière de Jésus-Christ à votre famille, vos voisins, vos amis. À cause de la situation actuelle il n’est pas possible de faire du porte-à-porte avec les lampions – mais nous vous offrons une idée alternative :

Prenez un bocal (p.ex. de confiture) et posez-y une petite bougie ou une bougie pour chauffe-plat. Bien sûr, vous pouvez encore décorer ce bocal – soyez créatif ! Ajoutez au bocal une petite étiquette avec un mot de bénédiction. Vous trouverez un modèle sur notre site internet (document en PDF).

Portez maintenant votre bougie devant la porte de vos voisin (ou des amis, de la famille) et allumez-la !

Soyez actif et participez à cette initiative ! N’oubliez pas d’envoyer une photo à massendenger@cathol.lu . Nous publierons une galerie de photos sur notre site internet (https://web.cathol.lu/article9791).



https://web.cathol.lu/article9791