Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Lëtzebuerger Massendénger zu Roum

Ee Samsdeg, 1. August, sinn 80 Lëtzebuerger Massendénger op Roum gefuer a si bäi der internationaler Massendéngerbegéignung zu Roum derbäi.

Iwwer 8500 Massendénger aus folgende Länner sinn de Moment an der éiweger Stad ënnerwee: Argentinien, Belsch, Brasilien, Däitschland, Éisträich, Frankräich, Indien, Italien, Kroatioen, Lëtzebuerg, Litauen, Philippinen, Portugal, Rumänien, Schwäiz, Serbien, Slowakei, Tscheichei, Ukrain an Ungarn.


Dënsdeg 04.08. grousse CIM-Festival op der Péiteschplaz an Owesgebiet mam Poopst Franziskus. Hei kënnt Dir via livesstream nokukken, wann d'Massendénger op der Péiteschplaz bäim Owesgebiet bäim Poopst dobäi sinn.

Einfach op dëse Link klikken
http://www.minis-cim.net/de/internationale-romwallfahrt/

Mëtwoch 05.08. Generalaudienz mam Poopst Franziskus am Vatikan (entweder op der Péiteschplaz oder an der Aula

Eisen Här Äerzbëschof och déi ganz Woch bäi de Lëtzebuerger Massendénger dobäi.

Hei nach de Livestream fir ee Mëttwoch:
http://w2.vatican.va/content/francesco/it/events/event.dir.html/content/vaticanevents/it/2015/8/5/udienzagenerale.html


Radio Vatikan hat eng Reportage iwwer déi international Massendéngerwallfahrt.
Lauschtert selwer eran:
http://de.radiovaticana.va/news/2015/08/03/„ministrantendienst_ist_authentischer_als_facebook“/1162698