Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Konferenz a Visite vum Mansfeldschlass haten groussen Succès

De Comité Alstad hat en Donneschdeg op eng Konferenz am Musée um Fëschmaart an e Samschdeg op eng Visite um Site vum Mansfeldschlass a Clausen agelueden. Esouwuel déi interessant Konferenz vum Jean-Luc Mousset, Conservateur hon. am MNHA, wéi och d’Visite a Clausen, ënner senger Leedung woren ganz gudd besicht.Och wann et e Samschdeg riicht era gereent huet, woren iwwer 50 Intresséierter um Rendez-vous.

D'Mansfeld-Schlass, dat tëscht 1563 an 1604 vum Gouverneur Peter Ernest von Mansfeld erbaut gouf, befënnt sech den Ament jo net grad am beschten Zoustand. Zënter enger Partie Méint steht d'Mansfeld-Schlass awer neess un éischter Plaaz an der kultureller an der geschichtswëssenschaftlecher Aktualitéit. E Konzept fir dee Site, deen e wéineg an de Vergiess komm wor, erëm opliwen ze loossen , léisst sech awer elo lues a lues erkennen. D’Consolidéierungsaarbechten an deenen nach erhalenen Ruinen a Clausen komme gudd weider .