Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Eng Kierchefënster zur Éier vum hellegen Tarcisius

All Joer denken d’Lëtzebuerger Massendénger den 09. Juli un hiren éischte Schutzpatroun, den Hellegen Tarcisius. Dëst Joer feiere mir jo leider, net wéi ugekënnegt zesummen zu Miersch. Trotz allem versiche mir all deen Dag ganz besonnesch un den Tarcisius ze denken an hien ze éieren. Eisen Nationalaumônier, Jean-Pierre Reiners, hält den 09. Juli moies ëm 9.15 Auer um Briddel eng Mass fir all lieweg a verstuerwe Massendénger/innen vun eiser Äerzdiözees. Fir déi Mass dierft Dir eis gären all Är Uléies ramailen (masssendenger@cathol.lu)


Den Tarcisius huet am 3. Jorhonnert zu Roum gelieft – eng Zäit wou Chrëschte verfollegt goufen. Hien huet de Kranken an och de Prisonéier d’Kommunioun heembruecht. Enges Daags war hie mat konsekréiertem Brout ënnerwee an ass sengen heednesche Frënn begéint. Si wollte mat him spillen, den Tarcisius hat awer keng Zäit. Doropshinn hu si hie geschloen, an d’Brout ass ënner senger Tunica op de Buedem gefall. Seng „Frënn“ hunn hien dunn zesummegeschloen, hien ass u senge Verletzunge gestuerwen. Zu Roum ass ee Reliquiar an der Kierch vum “Institutio Salesiano San Tarcisio” bei de Kallixtuskatakomben. Ganz no dobäi steet och elo säit dem Summer 2010 déi grouss Tarcisiusstatu, déi mir iwwer een halleft Joer zu Iechternach zu Gaascht haten.


Bei engem Kierchentour duerch eist Land kann een a 4 Kierche/Kapellen an den Dierfer: Bigelbaach, Elléng, Esch-Uelzecht (Sacré-Coeur) a Garnech eng Tarcisius-fënster bewonneren. Donieft sinn och Tarcisiusduerstellungen zu Miersch (am Chouer-raum), Diddeleng (Molerei) a Sakristeiklakken mat engem Tarcisius um Briddel, zu Elléng an zu Hiefenech. Sollt Dir elo nach eng Plaz wëssen: Dann zéckt net an deelt eis déi mat! Mir freeën eis och ëmmer rëm iwwer all Tarcisiusduerstellungen aus dem Ausland fir an eis Dokumententatiounssammlung.


Mir lueden Iech elo an vill méi Kierchefënsteren zum hellegen Tarcisius z’illustréieren. Villäicht kréie mir eng ganz grouss Kierchefënstergalerie zesummen. Sidd dofir aktiv, moolt/illustréiert d’Fënster op der nächster Säit a mailt eis déi als Foto eran. Flott wier et, wa mir d’Originaler och via Postwee kréie kinnten – sou kenne mir all original Wierker zesummesetzen a bei der Gedenkmass um Briddel an och enger nächster Tarcisiusfeier als Undenken un d’”Tarcisiusfeier 2020” benotzen. Allez – elo Faarwen/Bastelmaterial eraus a lass! Vill Spaass!


D’Foto/Fotoen einfach op massendenger@cathol.lu mailen. Op der Homepage vun de Lëtzebuerger Massendénger publizéiere mir den 09. Juli dann eng Galerie zur Éier vum Hellegen Tarcisius.


Bescht Gréiss aus der Massendéngerzentral

https://web.cathol.lu/article9272