Wählen Sie Ihre Nachrichten​

190. E’maischen um Fëschmaart an 80 Joer Comité Alstad

Ouschterméindeg fënt um Fëschmaart déi 190 Éimaischen statt, déi als Aulebäckermaart 1827 gegrënnt gouf. Dee Maart fällt op Ouschterméindeg, well deen Dag d'Aulebäcker mateneen an d'Mechelskiirch an hir Zonftmass gang sin an duerno dobausse hier Wuere verkaaft hun.

'T läit sécher no, datt eng Zonftmass och e Maart unzitt, an eng Aulebäckeschmass an der Dominikanerkiirch och en Aulebäckeschmäärtchen op der Plaz virdrun. Déi éischt offiziell Maartkorrespondenz iwwer d'Éimaischen as e Bréif vum Polizeikommissär Jhemp Müllendorf un de Schäfferot vun der Stad vum 3. Abréll 1827:

… „ Nobles et honorables seigneurs,

Le lundi de Pâques se tient une petite foire, principalement en poterie, en face de l'église Saint-Michel, et elle y attire un grand rassemblement de monde, surtout d'enfants. Quoique la rue soit large en cet endroit, le passage s'est trouvé obstrué ce jour et quoique ce ne soit plus jour de fête, l’office divin se fait comme autrefois dans la susdite église.

Par conséquent ce rassemblement de monde et le tumulte qui en est inséparable, sont très indécents en ce lieu. Je proposais donc à vos seigneuries de transférer cette foire sur la grande Place du Marché-aux-Poissons qui réunit en elle-même tous les avantages de la sûreté publique, la liberté des passages et un plus grand éloignement de l'église. On pourrait au besoin, pour prévenir les disputes que la cupidité de certaines personnes y fait souvent naître, pour occuper la preminère place, en faire la distribution la veille."…

Esouwäit de Polizeikommissär, an de Buurgermeeschter huet gläich geäntwert, schons de 6. Abréll. Hie gët séngem Polizeichef an allem Recht. … „Nous vous autorisons pleinement à prendre toutes les mesures que vous jugerez convenables pour la tenue de la foire d'Emmaus"…

Domat wësse mer nét nëmmen, wéini den Aulebäkeschmaart vun der Méchelskiirch erop op de Fëschmaart komm as, ma och nach, datt en du schons Éimaischen geheescht huet. De 16. Abrëll 1827 ganz genee as eis Éimaischen also fir d'éischt do gehal gin, wou se haut nach as. Et war du schons nét nëmmen eng reng Aulebäckeschfouer, ma 't si besonnesch schons vill Kanner drop komm. Si kruten do méi ewéi sécher Spillsaache kaaft, a wat keeft ee schons vu Spillgezei beim Aulebäcker? Ongeféier dat, wat den Dicks 1883 a sénge Lëtzebuerger Gebräicher fir d'éischt genee opzielt: „Péckvillercher" natiirlech, „Spriddelcher", „Léinefässercher" a „Wäiraachen”.

Mat hirem Spillgeschir kann et eréischt lues a lues biergofgaang sin, wéi zu Nouspelt ëmmer manner gebak gouf. Bis zum 1. Weltkrich ongeféier konnten d'äärde Saachen wéi d’„Hänsercher" - vollaärde Päifen oder Souvenirstase mam Numm drop - „Freieschtasen" an och d’Spillsaachen nach duerhalen; duerno huet méi a méi auslännesch Wuer missen hierhalen, well duerno ass ëmmer 20 Joer laang kee Lëtzebuerger Péckvillchen méi gebak gin. Jhust nach bësse Spillgezei an en etlech gro stengen Dëppe waren an den zwanzeger an den éischten drësseger Joren nach op der Éimaischen ze kréien. — Ma do huet op eemol e Lëtzebuerger Keramist, deen séng Konscht am Fong op der Fayencerie praktizéiert huet, eng Initiativ geholl, déi Gold waärt war fir Jorzéngten, nach fir laang iwwert den zwete Krich ewech: dat war Jhang Peters aus dem Reckendall mat séngen neien Nouspelter Péckvillercher, dat heescht mat Villercher aus echtem Nouspelter Leem. An hien huet et och guer nët dobäi gelooss; och aärde Spuerbéchsen huet hien nees op deen ale Modell gebak.

Et huet dunn nach eng Zäitchen gedauert, bis sech am Joer 1937, zwee Frënn vun der Alstad, de Georges Schmit. (Conservateur am Staatsmusee) an de Lambert Schaus (fréieren Minister an Botschafter) zesummengesaat hun fir de Fëschmaarter- Quartier erëm nei opliewen ze lossen, an am besonneschen ass ët hinnen drëm gang d‘Éimaischen erëm méi populär an attraktiv ze maachen.

Mat um Dësch soutzen och d'Hären Gust Hoffmann (Geschäftsmann), Jean-Pierre Koltz (Historiker), Jean-Pierre Feidert (Industriellen) a Jos. Parmentier (Staatsbeamten). Domat wor den Comité Alstad den 8. März 1937 an d' Liewen gegrënnt. Fir erëm méi Leit op d' Éimaischen ze kréien, ass dou d'Iddi opkomm fir all Joer e klengt äärdent Konschtwierk – mat Bezug op de Fëschmaart oder d‘lëtzebuerger Geschicht - op der Éimaischen ze verkafen mat dem Erléis fir e gudden Zweck. Den neie Comité Alstad hat sech och viirgeholl, niewent der Éimaischen, sech ëm d‘kulturellt Liewen am eelste Quartier vun der Stad ze këmmeren.

Am Joer 1981 huet den urspréngleche Comité Alstad décidéiert fir de Comité Alstad a méi jonk Hänn ze ginn awer mat der Oplo an hierem Sënn weider ze schaffen. Dee méi jonken Comité Alstad huet déi Oplo och gären ugeholl an huet och direkt ugefang mat schaffen a konnt sech och dunn op der Éimaischen 1982 eng éischten Kéier présentéieren. De Georges Schmitt, den Initiateur vum Comité Alstad a vum Folklorgrupp “Uucht-La Veillée” ass kurz virum 50. Anniversaire vum Comité Alstad gestuerwen.

Am Joer 1984 ass aus dem Comité Alstad eng “Association sans but lucratif gin”.

Och dëst Joer, op sengem 80. Gebuertsdag, verkaafen d’Memberen vum Comité Alstad an hirem Pavillon um Rouscht, hannert dem Palais - vis-à-vis vum Maréchalat de la Cour - everschidden Objet’en vun 8 bis 12 Auer :

-Den 11. Peckvillchen, entworf vum Sergio Di Paoli an dëst Joer realiséiert no aaler Traditioun vun 2 Nouspelter Aulebäcker, dem Laurent Kandel an dem Pauline Godfroid - Verkaafspräis : 30,00 Euro.

-Den 2. Teller aus der Série mat 3 Zeechnunge vum Joseph Propst, déi de bekannten Artist 1938 fir de Comité Alstad gemach hat, huet als Motiv „Mei Freier ass e Schueschtegféer!“ aus der Dicks-Operett „De Scholtschein“. Dësen Teller (Ø 30 cm) un, deen als Plateau, Sous-assiette oder als Dekoratiounsobjet Freed kann maachen, kascht 25,00 Euro.

-Als drëtten Objet bitt de Comité Alstad dëst Joer e rechteckegen Plateau (33 x 23 cm) un bei Geléenheet vum 500. Gebuertsdag vum Grof P.E.. Dëse Plateau mat enger Vue vum Mansfeldschlass a Clausen aus dem Joer 1656 (dem Moler Joachim Laukens zouerkannt) gët zu Präis vun 30,00 Euro verkaaf.

Um 80. Gebuertsdag vum Comité Alstad gët op Ouschtersonndeg ëm 11:30 Auer zu Dominikaner ( Méchelskierch ) eng “Aulebäckeschmass” gehalen fir déi verstuerwen Membren vum Comité Alstad an zu Éiren vum hl. Théobald, dem Patréiner vun den Aulebäcker, déi hei vun Alters hir, op Ouschterméindeg dat Fest besonnesch gefeiert hun. Dës feierlech Mass gët gesongen vum Méchelskouer ënnert der Direktioun vun hierem Dirigent Gerry Welter an dem tchescheche Kouer « Vachův sbor moravských učitelek » ënnert der Direktioun vun der Madame Martina Kirová. Begleet gin déi zwee Chéier op der Uergel vum Professer Alain Wirth.

Op Ouschterméindeg lieft och nees no 35 Joer en aalen Ouschterbrauch op : “Äerschëllen“, e Spill dat 1982 fir d’lescht vun de Kanner gespillt gouf. “Äerschëllen“, dat heescht “brullen“ ( erofrullen loossen ) vun Ouschteräer iwer eng Holzeschinn. Huet een da mat sengem Ee eent vun denen Äer déi um Bueden leien vun 10:30 Auer bis 11:00 Auer op der Plaz virum Musée. All Kand kritt en Ouschteree a ka säi Gléck probéieren. “Face-painting” mat dem Valentina Becker, gët et och fir déi kleng Frënn gratis niewent dem Pavillon vum Comité Alstad op dem Rouscht, vun 9:00 bis 12:00 Auer.

De musikalesche Programm vun der Éimaischen op der Plaz virum Musée um Fëschmaart gesäit vun 9:30 un Volleksdänz a -lidder vir mat engem Ensembel vun lëtzebuerger Folklorgruppen « Uucht-La Veillée, La Ronde Beetebuerg an Vallée des Sept Châteaux », de “Vlaamse Volkskunstgroep De Kegelaar vun Wilryck” an d’Lidderuucht Lëtzebuerg. Nomëttes um 15:00 a bis 16 :00 Auer ass dann nach e Concert mat dem Ensembel CityBrass.