Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Undenken un di Verstarwen vum F.C. Koeppchen Wormer

No der Donatusmass op der Koeppchen zelebréiert vum Här Paschtouer Alain Steffen a verschéinert vum Wormer Gesank huet de President vum Organisatiounscomité 100 Joer FC Koeppchen Wormer Jean Beining zesummen mam President vum Fussballveräin Claude Pundel an dem fréieren President Jos Pundel eng Gerbe zu Eieren vun den Liewenden an Verstarwenen vum Veräin beim Denkmal niddergeluecht. Den Buergermeeschter Mathis Ast souwéi den Schäffen Max Hengel vun der Gemeen Wormer souwéi vill Frënn vum Veräin hunn sech et net huelen geloss fir bei deser klenger Gedenkfeier dobai ze sinn. No der Gerbeniderlegung huet de Gesank Heemecht gesongen. Duerch Pandemie bedéngt hu missen verschidden Manifestatiounen, déi fir 100 Joer-Feier virgesinn woaren , verluecht ginn. Den Organisatiounscomité schafft elo nach un engem Buch, wou Geschicht vun 100 Joer FCKW beschriwwen an illustréiert geet. Dest Buch kennt viraussichtlech Enn déses Joer oder Ufank 2022 eraus.