Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Scheckiwerrechung un Fondatioun Wonschstär

Entente Wormer huet virun Kuerzem e Scheck vun 1000.- € un Fondatioun Wonschstär iwwerreecht. Et sinn dëst Suen déi beim Besuch vum Kleeschen gesammelt gi sinn. Be dëser bescheidener Feier an Uwiesenheet vum Här Buergermeeschter Max Hengel an den zwee Schäffen Mathis Ast an Martine Schmit ass den Marcel Thill fir säin laangjäregen Asaz beim Kleeschen zou Wormer mat engem Reesscheck vun der Entente Wormer belount ginn. Den Tom vun Réimech huet dunn nach Erklärungen zur Fondatioun Wonschstär ginn an huet matgedeelt wat mat dem Geld geschitt. Bei engem Patt offréiert vun der Gemeng Wormer ass des kleng Feier op en Een gaangen.