Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Konveniat zou Wormer

Meedercher an Jongen sinn zesummen 1973/1974 an Regionalschoul zou Draibuer an éischt Schouljoer gaangen, wou Hienckes’en Nico hinnen ABC bäibruecht huet. Virun Kuerzem hunn si sech op Invitatioun vun Back’s Jang zu Wormer zu hirem éischten Konveniat getraff an hunn eng interessant Visitt vun der Caves Poll Fabaire gemaach. No enger gudder Coupe Crémant Poll Fabaire sinn si fir d‘ Iessen an der Wormer Stuff beim Fatima agekéiert, wou si e flotten Owend verbruecht hunn. Versprach hunn si sech an absehbarer Zäit erëmzegesinn.