Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Gelongene Concert vum Wormer Gesank

E Samschdeg virun enger Woch, huet de Wuermer Chouer senge Nolauschterer, déi trotz Championsleaguefinal, zu hirer vill dee Wee an de Centre Culturel fonnt haten, de Sänger a Sängerinnen hir Lieblingslidder präsentéiert. Enner der Leedung vum Ivan Boumans a begleed um Piano vum Luc Rollinger goung et queesch duerch de Gaart vu klassesch populäre Chouerstécker iwwer Pop, Jazz a Rock bis zu ganz moderne Lidder.
Mat "Hit the road, Jack" goung de Concert lass an huet mat Stécker wéi, ënner anerem, "Hinter den Kulissen von Paris", "La java de Broadway" oder "La Montanara" an "Hinterm Horizont" de Publikum an der éischter Halschent begeeschtert. D'Männer hunn de Sall mat "Barbara Ann" zum kache bruecht an d'Solistinne Anne Engel-Berna a Lynn Schumacher mat "Barcarole" d'Nolauschterer verzaubert. Mam "Sängermarsch", den un déi grouss Zäite vum Wormer Gesank erënnert huet, wou de Concours gewonne gouf, an dunn am Marsch duerch Stroosse gezu ginn ass....an auswenneg gesonge gouf, gung et an d'Paus.
An der zweeter Halschent konnt en Ensemble d'Leit mat "Smells like Teen Spirit" vu Nirvana iwwerzeegen. Dëss Lidd war vum US Musikmagazin "Rolling Stone" zum "9. wichtegste Lidd vun allen Zäite" gewielt ginn.
Mat Lidder wéi "The Sound of Silence", "Puttin on the Ritz", "Summer Nights" an "Tage wie diese" goung et weider, an och d'Damme wousste mat "Perfect Day" vum Lou Reed z'iwwerzeegen.
"Bohemian Rhapsody", déi opernhaft dynamesch Hymn vu Queen aus dem Joer 1975, huet de Schluss vum Concert agelaut.
Bei der Zugab, "Engel" vun der Neue-Deutsche-Härte Museksgrupp Rammstein, war
d' Publikum net méi ze halen.
Et war en erfollegräichen Owend: den Nolauschterer huet et gefall, konnte sie dach bei de meeschte Lidder matsange oder -summe; an d'Sänger a Sängerinnen, zesumme mat hirem Dirigent a Pianist konnte mat hirer Performance zefridde sinn.