Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Éierung vu verdéngschtvolle Sängerinnen a Sänger vun der Wormer Chorale

Am Kader vun der Cäciliefeier am "Bistro-Brasserie" Koeppchen um Wuermerbierg goufen a Präsenz vum éischte Scheffe Gérard Schumacher an dem Paschtouer Alain Steffen folgend Membere vum Wuermer Gesangveräin mat Medaille vun der UGDA ausgezeechent: d'Bronzemedaille fir 10 Joer kruten Godart-Kraus Malou, Lenert-Haupert Fabienne a Lentz Andrée; d'Sëlwermedaille fir 20 Joer goufen un d'Anne Engel-Berna an den Nicolas Fonck iwwerreecht.
De President Guy Schartz huet a senger Ried den Asaz vun de Sängerinnen a Sänger gewierdegt an dem Veräin bonne Chance fir säi grousse Projet am Joer 2015 gewënscht.