Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Sportleréierung an der Wëntger Gemeng

Zu der traditionneller Sportleréierung vun der Saison 2017/2018 ënnert dem Motto ,, Fit a Gesond" huet d'Gemeng Wëntger an de Centre Culturel op Wëntger agelueden. Ausgezeechent an mat engem Kado belount, hunn an 9 verschiddenen Sportskategorien, 40 Athletinnen an Atlethen, Jugendlecher, Fraen, Männer, am Eenzel wéi och am Grupp exellent Resultater mat heem bruecht . Zu den geéierte Kategorien gehéieren Schwammen, Judo, d'Keelespill , den Fussball, Dëschtennis, Bouschéissen, Pompjeeën, Schach spillen wéi och den Special Olympics.


Am Dëschtennis huet den Eric Glod an der nationaler Dëschtennis Ranglescht déi exellenten Éischte Plaz gewonn, dëst mam Vize Landesmeester am Dubbel Mixte, Gewënner vum Nationalen Kriterium, Landesmeester am Häeren Dubbel an Landesmeeester am Hären Eenzel.

D'Martine Simon gewënnt déi 2. Plaz am Dubbel Mixte bei den Regionalmeesterschaften vum Dëschtennis am Bezirk Norden, Regionalmeester am Dubbel Dammen, Vize Landesmeester am Dubbel Mixte, an Vize Landesmeester am Dubbel Dammen.

Den Christophe Glod hëllt eng 3. Plaz am Eenzel vun der Kategorie A bei den Regionalmeesterschaften am Dëschtennis vum Bezierk Norden.

Eng 2.Plaz vir den Jonas Andrzejewski am Dubbel Mixte bei den Regionalmeesterschaften vum Dëschtennis am Bezierk Norden.

Marc Remy hëllt eng 2. Plaz am Dëschtennis vun den Veteranen Eenzel bei den Regionalmeesterschaften am Bezierk Norden.

Daniel Bertemes gewënnt den Regionalmeester am Dëschtennis vum Bezierk Norden an der Kategorie D3/D2

Eng 3.Plaz fir den Alex Remy an Tobias Andrzwejewski am Dubbel Hären U21 bei den Dëschtennis Jugend Landesmeesterschaften.

Anna Remy gewënnt am Dëschtennis eng 2.Plaz am Dubbel Cadettes bei den Jugend Landesmeesterschaften.

Cadets1 (Daniel, Jos, Liart) gewannen am Dëschtennis déi 1.Plaz an der 4.Divisioun 1. Bezierk an Opstieg an déi 3.Divisioun.


Am Schwammen huet den Louis Eschette déi 2. Plaz iwwer 50m Crawl bei den Jongen vum Joergang 2007 bei den 14th Open Luxembourg Nationals an der Coque gewonnen. Eng 3.Plaz iwwer 1500m Crawl gewënnt den Nael Naffouti beim Championnats Nationaux.

Den Keeleclub Hamiville gëtt Champion an der Éirepromotioun mat dem Opstieg an d'National 3 .

Bei den Spiller vun de klengen Länner 2017 zu San Marino gewënnt den Eric Frantz d'Goldmedaille am Bouschéissen an der Männerequipe Compound. Am Outdoor Championat zu Lëtzebuerg d'Goldmedaille an der Kategorie Hären Compound Veteran.

D'Isabel Frantz-Dias gewënnt bei den Spiller vun de klenge Länner 2017 zu San Marino d'Sëlwermedaille am Eenzelschéissen Compound, an Goldmedaille am Mixte Team.


Am Fussball/Scolaires, Opstieg vun der Klass 3 (Serie1), an d'Klass 2 ( Serie1)

Am Dammefussball gewannen Dammen den Opstieg vun der 2. an déi 1.Liga.


Déi 3.Plaz gewënnt d'Lara Martin mam Judo bei der U 9 Mixte bis 21kg

Jérémy Valentin eng 1. Plaz bei der U 11 bis 35 kg ,d'Emily Spaus eng 1. Plaz bei der U 11 bis 39 kg, d'Lily Schroeder eng 3. Plaz bei der U 11 bis 41 kg, den Alexandre Declerq eng 2. Plaz bei der U 15 bis 46 kg, d'Elena Schumacher eng 2. Plaz bei der U 15 bis 52 kg, den Luca Elbeshausen eng 3. Plaz bei der U 15 bis 50 kg, an den Nabil Naffouti, Gewënner bei den Seniors bis 80 kg.


Bei den Wëntger Pompjeeën hëlt den Johny Weyland bei den Schwamm-Meesterschaft zu Iechternach eng 2. Plaz bei den Veteranen 2/ Hären, mam Cross zu Useldeng, Gewënner bei den Veteranen 2 /Hären, den Cross zu Clierf, Gewënner bei den Veteranen 2 /Hären.

Den Claude Bertemes gewënnt eng 2. Plaz bei den Vetreranen 2 /Hären um Cross zu Useldeng, beim Cross zu Klierf, eng 2. Plaz bei den Veteranen.

Den Jean-Paul Spaus huet eng 3. Plaz bei de Veteranen 2/ Hären, an eng 3. Plaz um Cross zu Klierf bei den Veteranen 2 /Hären.

Yves Lipperts um Cross zu Klierf, Gewënner bei den Veteranen 1/ Hären.

D'Nenta Queta Dama, Gewënnerung bei den Pupilles 1/Dammen.


Bei den Special Olympics World Winter Games 2017 gewënnt den Patrick Guth eng 3.Plaz iwwer 2,5 km Langlaf. D'Bea Cannels gewënnt eng 1.Plaz iwwer 100m.

Mat Schnéischong Laafen um Special Olymics World Winter Games 2017

gewënnt den Ronny Kontz eng 2.Plaz um Paderborner Ouschterlaf 2018 (21 K )

NG Athletics 2018 eng 2. Plaz iwwer 3000m, 2.Plaz iwwer 400m, 2. Plaz am Mini-Javelin. NG Athletics indoor 2017, eng 2. Plaz iwwer 1500m; eng 1. Plaz iwwer 800m; an eng 1. Plaz am Mini-Javelin.

D'Cathia Jacobs gewënnt eng 3. Plaz um Rehacare Laf 2017 um Kö-Laf zu Düsseldorf, eng 1.Plaz um NG Athletics vun 100m; 1.Plaz fir 200m, an eng 1. Plaz am Mini Javelon.

Den Marius Langenfeld gewënnt eng 2. Plaz um NG Atletics vun 100m, eng 2 Plaz am Ballwerfen, an eng 1.Plaz iwwer 50m.

Rocky Mulbach huet um NG Athletics 2018, eng 1.Plaz iwwer 100m, 2. Plaz iwwer 50m gewonn.

Marc Schiltz gewënnt eng 3. Plaz um Paderborner Ouschterlaf 2018 (10Km), um NG Athletics indoor eng 1.Plaz iwwer 1500m, an eng 1. Plaz iwwer 40m

Den Jean-Louis gewënnt um NG Athletics 2018, 1. Plaz iwwer 200m; 1.Plaz iwwer 100m, an 1.Plaz am Mini-Javelin, Tessy Gregorius gewënnt um NG Athletics 2018 2. Plaz iwwer 50m, d'Eliane Theissen gewënnt eng 3. Plaz um NG Athletics 2018 eng 3. Plaz iwwer 50m, an eng 3. Plaz am Ballwerfen.


Am Schachspill gëtt de Jos Winkin Landesmeester 2017 bei der U12

De Pol Winkin gewënnt de Vizelandesmeester 2017 bei der U16, an Landesmeester 2018 bei der U16.

De Pol an de Jos hunn Lëtzebuerg bei der U12 an U16 vertrueden bei den Schach - weltmeesterschaften an Uruguay an Rumainien an bei den Europalandesmeesterschaften an Rumäinien.