Wählen Sie Ihre Nachrichten​

"LIVE IS LIFE"

Am Kader vun hirer 150 Joerfeier, der Chorale Sainte Cécile vun Aasselburen, huet de Veräin viru kuerzem d'Chorale Municipale LYRA vun Ettelbreck op Wëntger an de Kulturzentrum agelueden, den ënnert dem Motto "Live is Life" stong, an déi een ofwiesslungsräichen Lidderprogramm virgedroen haten. Dorënner waren bekannte Wierker wéi: La vie en rose, Halleluja, Pepito, Ganz in weiß, oh Lady Mary, Rivers op Babylon, la petite valse, an vill anerer. Duerch de Programm wéi Direktioun gouf gefouert vum Marion Michels. Musikalisch begleet gouf de Chouer um Piano vum Claude Huss, Banjo, Jazzgitar, Mandoline vum Luc Hoffmann, de Kontrabass en E-Bass vum Pit Ewen, wéi d'Perkussioun vum Max Duchscher. Vun engem begeeschterte Publikum gouf de Männerchouer mat vill Applaus fir den villsäitigen Optrëtt belount.