Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Gesammelt fir den gudden Zweck

Am Kader vun de Gemengewahlen haten d'Schoulkanner aus der Wëntger Primärschoul "Um Kiemel", der Klass 3.2A an Zesummenarbecht mat de Léierinnen, dem Michèle Kraus an dem Nadine Pint-Laschette, Parteie gegrënnt an eng Klassewahl organiséiert. De Grupp den déi méschte Stëmmen krut, hut sëch "KDL" genannt, an hier Idee wor et Geld fir een gudden Zweck ze sammelen. Dorobber hinn hunn d'Kanner Krëschtkarte gebastelt, an déi am Duerf wéi och an der Famill verkaft. Och Kuch gouf verkaft, den vun den Elteren geback gouf. Duerch den Erléis vun der Aktioun koumen 550 Euro zesummen, den virun kuerzem un d'Veronique Schmitz vun der ONG "Le soleil dans la main" iwwerreecht konnt ginn. Mat enger Präsentatioun vu Fotoen aus dem Burkina Faso , huet Vertriederin den Kanner dono een groussen Merci gesoot fir den schéinen Geste.