Wählen Sie Ihre Nachrichten​

de Musical "Wiener Café"

Ët war dem Fernand Delosch säin Entschloss fir op Déiffelt zréck an seng Heemecht ze kommen, an zesumme mat der "Wëntger Musik" am Centre-Culturel zu Wëntger säin 20-jährigt Bühnenjubiläum ze feieren. Fir dësen Owend hat hien eng speziell Geschicht geschriwwen, déi mat denen schéinsten lëtzebuerger an ëisträichischen Melodien ënnermolt woren. Dësen Musical "Wiener Café" gouf als "Première" vum Fernand Delosch selwer, an dem Elisabeth Wukitsevits virgedroen, mat der musikalischer Begleedung um Piano vu sengem Brudder Erny Delosch, an op der Gei, wéi um Cello, d'Vania & Judith Lecuit.