Wählen Sie Ihre Nachrichten​

An d'Villercher di songen Hir Lidder spéit a fréi.

Den Éischte Gesank vum Renert ass aus enger Serie vu 14 Gesäng aus dem Renert oder de Fuuss am Frack an a Maansgréisst vum Michel Rodange.

Et war esou ëm d'Päischten,
'T stung Alles an der Bléi,
An d'Villercher di songen
Hir Lidder spéit a fréi.

Du rifft de Léiw, de Kinnek,
All Déier op e Fest
Am Gréngewald zesummen,
An 't koumen all seng Best.