Wählen Sie Ihre Nachrichten​

D‘Anna Reuter vu Wanseler krut 90 Jor.

De 15. September 1926 koum d’Anna Reuter zu Wanseler op d’Welt, do wou si hirt ganzt Liewe verbruecht huet. D’Anna ass 1952 mam Jean-Pierre Grotz bestued ginn; d’Hochzäit war deemols an der Mëchelskierch an der Stad. D’Koppel krut 3 Kanner von denen deene éischte Jong duerch een Accident am Alter vun 1 Joer gestuerwen ass. Niewend hire Kanner Carlo a Ginette, huet d’Anna Reuter haut nach sechs Enkelkanner. Op si deemnächst och Urbomi gëtt? Zanter 1997 ass d’Anna Reuter Wittfra a liewt ëmmer nach zu Wanseler.
Viru kuerzem huet si mat der Famill den 90. Gebuertsdag am Gemengesall zu Wanseler gefeiert. Der Madame Reuter sief eng weiderhin gudd Gesondheet an nach vill Jor an hirem Hemechtsduerf gewënscht.