Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Schoulkauz'ler entdecken den Vitarium

Am Kader vun de " Gesond iessen, Méi beweegen"- Woch, déi an all de Maison Relais'en vun der Anne ASBL vun Elisabeth ofgehale gëtt, waren leschten Dënschden d'Kanner aus der Maison Relais Schoulkauz vu Wëlwerwolz op Besuch um Rouscht am Vitarium.
Während gutt 2 Stonnen haten d'Kanner d'Méiglechkeet, d'Mëllech an hier Produiten méi no kennenzeléiren an och ze schmaachen. Mee nik nëmmen wei d'Mëllech an all hiren Variatiounen schmaacht, konnten si rausfannen. D'Kanner konnten ze guer eng Kou sträichen, och wann et nëmmen eng virtuell Kou war.
Alles an allem een flotten an gelongen Nomëtteg fir d'Kanner aus der Maison Relais vu Wëlwerwolz.