Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Dag vum Bam am Kiischpelt

Am Kader vum „Nationalen Dag vum Bam 2016“ goufen op Invitatioun vun der Kiischpelter Gemeng am Gemeinschaftsbongert zu Pensch en Äppelbam geplanzt. Symbolesch fir all Meedercher a Jongen, déi am Laf vum vergaangene Joer op d'Welt komme senn. Op Wonsch konnten d‘Familljen sech ee vun der Gemeng offréierte Bam fir an hiren eegene Gaart bestellen.