Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Präisiwwerreechung vum Concours "Eis Dierfer solle bléien"

Eis Dierfer solle bléien.

Den 4te. Dezember ass zu Wilwerdang d'Präisiwwerreechung vum Blummeconcours 2015 ofgehale ginn.

De Concours, finanziell vun der Gemeng Elwen ënnerstëtzt, bezitt sich op Blummendekoratioun vun den Haiser aus der ganzer Gemeng Elwen während de Summerméint. D'Jury mam Natascha Mantrisi a Günther Schmitz huet déi schéinste Blummenzesummestellungen ausgesicht, eng Aufgab déi net ëmmer einfach ze bewältege war.

An der Begréissung huet Denise Haas, Presidentin vum Gaart an Heem vu Wilwerdang, alle Bedeelegte villmools Merci gesot fir hire Beitrag, dee si geleescht hunn.
Blummen an hire verschiddene Faarwen an Kompositioun verschéineren net nëmmen d' Fassaden an d' Haiser, si vermëttelen den Uertschaften och e besonnesche Flair. Et soll och net vergiess ginn, dass vill Blummen och de Beien an aneren Insekten ze gutt kommen.

D' Lauréate, kruten e praktische Accessoire fir nächst Joer am Gaart ze schaffen iwwerreescht.

Als Vertrieder vun der Gemeng Elwen huet och den Här Norbert Breuskin jidderengem villmools Merci gesot a sech erfreet gewisen iwwert déi wonnerbar Initiativ déi zënter Joere stattfënnt, an Elwen mat sengen Dierfer ronderëm op e Neits verschéinert.

Den Owend ass gemittlech beim engem Éirepatt, dee vun der Gemeng Elwen offréiert gouf, op een Enn gaang.

Déi verschidden Aktivitéite vu Gaart an Heem Wilwerdang fannt dir och op der Homepage vu Wilwerdang um Internet op : www.wilwerdange.eu