Wählen Sie Ihre Nachrichten​

"Oppe Kierch" zu Wilwerdang

Erfrëet han sich d'Organisatoren van der Equipe Familljegottesdéngst, den Porverbandsrot Elwen-Wäiswampech, d'Schwësteren EWe, d'Jugend "Widrigo", Gaart an Heem, Duarreffrënn an den Kiercherot gewiesen am Kader vam Weekend van den "Oppe Kierchen" iwwert de groussen Aklang. Een gudd gefëllten Programm gouf mat enger Kiercheféirung fir Erwaassner agebuaden a mat enger flotter Konstausstellung. Verschidden Atelieren fir d'Kanner mat Sangen a Bastelen, ewéi mat engem Rallye ronderëm d'Kierch aan der d'ganz Famill konnt déelhuelen. Am Kader van den Optrëtter konnten Kléng, Jugendlicher ewéi Erwaassener hier Talenter mat Musik, Danz a Gesank mat hirem Können virdroen. Vill Lékt konnten Kierch zu Wilwerdang erliewen als eng Famillienkierch wou Plaz ass fir all Generatioun an besonnisch fir d'Kanner mat hirer Famill. Fir Iessen an Dranken wor bestens gesuarrigt. Daat ganzt gouf fir en gudden Zweck bestëmmt.