Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Dat war Kiermes 2016 zu Wilwerdang

Ewéi all Joer hunn Duarreffrenn op Wilwerdanger Kiermes agelueden.

Wilwerdang läit um mat senge 560,08 Meter um héchste Punkt (genannt "Op Kneiff") vu Lëtzebuerg.

Hei gëtt Kiermes den 11te Mee, wenn den op Sonndes fält gefeiert. Soss ass et den Sonnden duerno.

Samschdes ass de Widrigo mam Hämmelsmarsch duerch Géidgen, Wilwerdang, an Drénkelt gezunn.

Owes hunn Kiermesfeierlechkeeten zu Wilwerdang am Zelt bei der aler Schoul ugefang. Band Dizzy Picture huet fir eng gutt Stëmmung gesuergt.

Sonndes hunn Duarreffrenn op de Kiermesnomëttes agelueden fir e puer schéi Momenter ze verbréngen. De Bumski konnt jiidereen mat senger Stemmungsmusek iwwerzeechen.

Déi komplett Fotoreportegen kënnt Dir um Site vu Wilwerdang www.wilwerdange.eu kukken goen.

Villmools Merci fir Äre Besuch op der Wilwerdanger Kiermes.