Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Lëtzebuergesch richteg schreiwe léieren am Lycée du Nord

Am Mäerz 2017 huet d’Regierung sech d’Zil gesat, dass och endlech déi lëtzebuergesch Sprooch, a besonnesch d’Orthographie vum Lëtzebuergeschen, an de Lycéeë gefërdert soll ginn. Do loosse mir eis hei uewen am héijen Norden natierlech net laang fléiwen a bidden dofir eise Schüler am Lycée du Nord säit ufanks Oktober een entspriechende Cours un.

Et hu sech am éischte Semester vum Schouljoer 2017/2018 18 Schüler a Schülerinne vum Cycle inférieur fir den Optiounscours “Lëtzebuergesch richteg schreiwe léieren” ugemellt, wat een ouni Weideres als groussen Erfolleg bezeechne kann. An dësem Kontext gëllt et ze betounen, dass et sech ëm een zimlech heterogene Grupp handelt, dee sech aus Schüler aus deenen 3 Regimmer zesummesetzt: nämlech aus dem ESC, dem ESG an dem ale Régime préparatoire, (an der Tëschenzäit “voie de préparation” genannt). Dëse fakultative Cours fënnt insgesamt zwielef Mol freides an der Mëttesstonn (an der 6. Unitéit vun 12:30 bis 13:20 Auer) statt.

D’primäert Zil vum Cours besteet doranner, de Schüler déi wichtegst Reegele vun der lëtzebuergescher Rechtschreiwung beschtméiglech bäizebréngen, fir dass se och hir Mammesprooch respektiv éischt geschwate Friemsprooch feelerfräi schreiwe kënnen. Et geet also ëm de Fäischlëff vun eiser Orthographie, déi offiziell 1999 agefouert gouf. Niewent der “Eifeler Reegel”, der sougenannter n-Reegel, beschäftege mir eis virun allem mat de Vokalen “i, u, e, o, a”: Wéini fält de Schluss-n ewech? Wéini musse mir d’Vokale respektiv d’Ëmlauter verduebelen (“oo, aa, ee, uu, ii, üü”)? Wat huet et mam duerchdriwwenen ‘e’ op sech, dee bei 4 verschiddene Schreifweisen (e, ee, ë, é) gläichzäiteg och 4 verschidden Aussproochen unhëlt?

Déi eng oder aner Stonn beschäftege mir eis awer och mat typesch lëtzebuergeschen Ausdréck inklusiv hirer korrekter Schreifweis: Mir soen a schreiwen “Kéisecker” oder “Däreldéier” an net “Igel”! Mir soen a schreiwen “Seejomes” an op kee Fall “Ameis”! Wann ech gelift! Wat e “Waassereps” an e “Muarkollef” ass, ginn d’Schüler dann och nach gewuer. Och e puer lëtzebuergesch gefliggelt Wierder, Spréch an Expressioune gi behandelt, woubäi e bësse Jéinesch natierlech net feelen däerf: “Kuff d’Schmull” heescht et, wann et am Sall net roueg ass! Ajo, sou ass dat!

Daniel Trezzi