Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Galamatch FC Wooltz 71 - Borussia Mönchengladbach

E Samschden 25 Juni 2011 stung um Terrain " an der Geitzt" zu Wooltz ee bessi mei aussergeweinlechen Fussballsmatch op der Affiche. Der Jugendkommissioun war et neemlech gelongen ee Geigner fir d'All stars vum Fc Wooltz 71 ze fannen, deen et an sech haat: Weisweiler Elf vun Borussia Mönchengladbach matt Spiller wei Chiquinho, Osthoff, Brandts an Ewald Lienen. Als Trainer stung den Herbert Laumen um Arbiterbou
Virun knapp 250 Zuschauer huet den Herr Arbiter Carlo Bache de Match dunn ennert der Moderatioun vum Camille Ney ugepaff.
An et sollt nik laang daueren, bis den Ball eng eischten Kéier am Filet vum Weeltzer Goalkipp Rene Gasper gezappelt huet. Et war den Lars Schuchardt deen den 1-0 fir Gladbach konnt markeieren. 2 Minutten mei speit konnt dunn den Ewald Lienen op 2-0 erheischen an daat op Virlaag vum Chiquinho. ween geduecht haat datt dei Weeltzer sech lo bessi gefaang haaten gouf enges Besserem beleiert. Sou konnten dei Gladbacher neemlech an den nexten 10 Minutten den Score op 7-0 erheichen, daat no Goaler vun Osthoff, Chiquinho an 3 mol Schuchardt. no gutt 25 Minutten hun sech dei Weeltzer dann duerch den Gira Marc dei eischten Keier virum Stroofraum vun den GLadbacher presenteiert. Am Geigenzuch dunn den 8-0 duerch den Chiquinho an nemmen 2 Minutten mei speit huet den Goumai op 9-0 erheicht. Op der Geigensait huet den Thill Marc sech dunn nach eng Keier virum Goal vun den Gladbacher gewissen mee quasi mam Pausenpeff huet den Brandts op 10-0 gesaat an matt deem Resultat gung et dunn och an Paus.
Nom Pausentei koumen dei Weeltzer dunn emmer besser an Spill an konnten sech duerch den Schon Carlo, Marc Gira an Frank Arndt dei eng oder aaner Keier gefeirlech an Szene setzen. 5 Minutten mei speit dunn den 11-0 fir Gladbach wei den Adam Cichon sech op riets geint den Malget Raym duerchgesaat huet an eiskaal rangemeet huet. Mei dei weeltzer All Stars hun sech nik opgin an koumen kuerz drop duerch een Goal vum Marc Thill an no Pass vum Sam Kalabic zu Eieregoal. Mee Freed war nik vu laanger Dauer an den Schuchardt huet sein 5 perseinlech Goal markeiert. Kuerz drop huet den Osthoff den Ewald Lienen um 16 Meter den Ball zougespillt, den Lienen huet nik laang gezeckt an den Ball uewen an de rechtsen Wenkel geschoss an et stung 13-1 fir Gladbach. Mee och dei Weeltzer Supporter konnten sech nach 2 mol freen. Fir d'eischt huet de Marc Thill sech aus gutt 25 Meter een Haerz geholl an de Ball ennen lenks rangesaat an nemmen 2 Minutten mei speit huet den Carlo Schon no Pass vum Gira Marc op 3-13 gesaat.
An bei deem Score blouw et dunn och. No der Dusch hun sech dei 2 Equipen dunn nach Haam, Fritten an Zalot schmaachen geloss an den Owend gemittlech ausklengen geloss.
Alles an Allem een gelongen Match.