Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Et war esou ëm d'Päischten, 't stung alles an der Bléi, …

Den Éischte Gesank vum Renert ass aus enger Serie vu 14 Gesäng aus dem Renert oder de Fuuss am Frack an a Maansgréisst vum Michel Rodange.


Et war esou ëm d'Päischten,

'T stung Alles an der Bléi,

An d'Villercher di songen

Hir Lidder spéit a fréi.


Du rifft de Léiw, de Kinnek,

All Déier op e Fest

Am Gréngewald zesummen,

An 't koumen all seng Best.