Wählen Sie Ihre Nachrichten​

EINE FUNDGRUBE MIT BÜCHERN "Lëtzebuerger Bicherfrënn" zéie Bilanz

D'Lëtzebuerger Bicherfrënn verkaafen nik nëmmen Bicher an der Pabeierscheier zu Buerglënster mee och an der Bicherstuff zu Wolz.
Op dësen 2 Adressen fënnt een alles vu Luxemburgensia, awer och Romaner, Kachbicher, Kannerbicher...
Dat ganzt Joer iwwer schaffen eng Rei Benevoler hei, fir dass ëmmer alles ordentlich opgeraumt ass an och jiddwereen dat fënnt, wat e grad sicht.
Zesumme mam Erléis vun de "Bourse aux livres et vieux papiers" koumen och rëm am Joer 2015 ganz vill Suen zesummen.
30000 € konnten sou u verschidden Organisatioune gespent ginn. Dëst Joer waren dat:

Amizero
Blëtz
Omega90
Sipo

D'Ëffnungszäite sinn:

an der Bicherstuff zu Wolz:
all Donneschdeg (ausser Schoulvakanzen a Feierdeeg)
vun 17.00-19.00 Auer
an all 3te Sonndeg am Mount vun 14.00-17.00 Auer

an der Pabeierscheier zu Buerglënster:
all Donneschdeg (ausser Feierdeeg)
vun 17.00-19.00 Auer
an all 1te Sonndeg am Mount vu 14.00-18.00 Auer

Dir fannt eis och um Internet:
www.bicherstuff-wolz.tk
www.bicherfrenn.lu
oder op Facebook: "Letzebuerger Bicherfrënn"