Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Benoît Martiny Band

22
Mai
2021
22 Mai

Jazz-Rock

D’Benoît Martiny Band ass eng Jazz-Rock Band, déi am Summer 2004 iergendwou tëscht enger Garage zu Rammeldang (LU) an de Stroosse vu Rotterdam (NL) gegrënnt ginn ass. Hire Stil baséiert op enger Hällewull un Aflëss, dorënner Jazz, Blues, Psychedelia a Rock.

Apéro - Wann déi Sanitär Oplagen et erlaben: 18:00

Location: Prabbeli - Jardin de Wiltz (Fir schlecht Wieder steet en Zelt bereet)

Tickets: Virverkaf 14.00 EUR, Oweskees 16.00 EUR (< 26 Joer Virverkaf 7.00 EUR, Oweskees 9.00 EUR) (Kulturpass 1.50 EUR) 


TICKETS

D'Concerte am Jardin de Wiltz gehéieren zu der Serie vun de Garden Sounds. Hei brénge mer vum Fréijoer bis an de fréie Summer alles mat, wat zu engem anstännegen Ënnerhalungsprogramm mat Live Musek gehéiert - alles dobaussen am Gaart.

/// CORONA UPDATE ///

Et gëllen déi aktuell Sanitärloplagen, am Accord mat de zoustännegen Autoritéite.

Weitere Neuigkeiten von Entreprise Socio-Culturelle Prabbeli >