Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Arthur Possing Quartet / Zu Wooltz gëtt geraibert

01
Mai
01 Mai

**********FREE**********


Wärend di grouss sech an de Gaart sëtze fir sech Jazz "made in Luxembourg" unzelauschtere kënnen sech di kleng an eisem Workshop kreativ austoben.

Apéro - Wann déi Sanitär Oplagen et erlaben: 14:00

Zu Wooltz gëtt geraibert: 14:30

Workshop fir Kanner vu 6-10 Joer.

Mir huelen déi Kleng mat op eng spannend Entdeckungsrees duerch Wooltz, wou och vill zesumme gesonge gëtt. Mat engem ofwiesslungsräiche Museksprogramm aus dem Beräich Rock/Pop presentéieren déi kleng Sänger a Sängerinnen um Enn vun hirer Rees en Ofschlossconcert fir hier Famill a Frënn.

Arthur Possing Quartet ft. Thomas Mayade (Jazz, LU): 15:00

An engem Mix aus traditionellen a modernen Téin, falen déi perséinlech Kompositioune vum Arthur Possing Quartet virun allem duerch hir Iwwerraschungselementer op. 2013 gegrënnt, huet de Quartett zesumme mam belsche Label Hypnote Records hiren éischten Album "Four Years" erausbruecht.

Location: Prabbeli - Jardin de Wiltz (Fir schlecht Wieder steet en Zelt bereet)

Tickets: Gratis.  Fir d'Reservatioun kontaktéiert eis w.e.g iwwer prabbeli@cooperations.lu

D'Concerte am Jardin de Wiltz gehéieren zu der Serie vun de Garden Sounds. Hei brénge mer vum Fréijoer bis an de fréie Summer alles mat, wat zu engem anstännegen Ënnerhalungsprogramm mat Live Musek gehéiert - alles dobaussen am Gaart.

/// CORONA UPDATE ///

Et gëllen déi aktuell Sanitärloplagen, am Accord mat de zoustännegen Autoritéite.

Weitere Neuigkeiten von Entreprise Socio-Culturelle Prabbeli >