Wählen Sie Ihre Nachrichten​

Ieselreiden, Concerten, Kanneranimatioun & exzellent Kiirmes-Iessen

Waarm Ham, Eisekuchen, Zockerwatt, Ieselreiden, Sprangschlass, Concerten, Schéissstand...Zu Welschent war dëse Weekend eng méi lass! Nodeems di Welschter Kiirmes jorzéngtelaang an a virum Café Clesen ofgehale gouf, huet de lokalen Dëschtennis virun 11 Joer d'Hëft an d'Hand geholl. Visiteuren, déi dësem sympatheschen Event méi dacks bäiwunnen, mierken, dass all Joer méi gebuede gëtt.

Wäit iwwer 400 Leit hu sech um Sonndeg d'Geleeënheet net laanscht d'Nues goe gelooss, fir sech u guddem Kascht ze erfreeën oder/a sech beim Concert vun der Feelener Musek an dem Jugendmusekgrupp Crazy Cube ze ameséieren. Di exzellent Kichen huet mat Menüe wéi der waarmer Ham, gebootschte Gromperen a Gaardebounen an awer och Ham, Fritten an Zalot de Goût vun de Leit getraff. D'Präisser ware méi wéi korrekt.

Fir di éischte Kéier haten d'Organisateuren den Duerfkär fir de Verkéier gespaart. Eng gutt Iddi! „Nei ass dëst Joër och eng Cocktail-Bar an d'Reiden op den Ieselen fir d'Kanner“, sou eng iwwerglécklech Veräinssekretärin, Marie Scholtes-Frauenberg. Vill Spaass haten di Kléng niewent villen anere Spiller um Sprangschlass. Och d'Kiirmes-Mass hat e grousse Succès. Ee Grupp vu Jacobspilger hu sech op hirem Wandertour zu Welschent gestäerkt.

Fir den Ofschloss vun der Welschter Kiirmes moosse sech muer um Méindegowend nach d'Jonggesellen an di bestuete Männer bei engem Futtballmätch. De Match gëtt um 19 Auer ugepaff.