Wählen Sie Ihre Nachrichten​

De Wämper Kanner Lof

Ënnert der Organisatioun van der Wämper Musik, der Amicale Pompjeeën Wäiswampich an dem Celtic Dikrich wor d'Begeesterung fir vill Kanner nees grouss fir mat um Wämper Kanner Lof ze starten. Fir d'Kanner mam Joergang 2013-2016 wor ët eng Streck van 750m. Een zweete Lof van 2150m wor fir de Joergang 2009-2012 virgesinn. All Kand gouf fir seng Leestung belount.

Am Aschloss hat den 30. Wämper Lof gestart, dëst mat den Distanzen van 5km oder 10km. Déi 10km goufen vam bekannte Liichtathlet Yonas Kinde gewonnen