Wéi ët zu Wäiswampich viram Ousterdagweekend zur Traditioun gehéiert, woren och dëst Joer nees d'Klibberkanner ënnerwee fir domat d'Kiricheklaken ze ersetzen. Afwiesselnd mat der Klibber fir d'Moies-, Mëttes-, an d'Owesklak gouf kräftig dobäi gesongen.
Um Samsdenmoien sënn d'Kanner eng weider Kéier durich Duarref gezunn, fir d'Ousterligt "Dik Dik Dak muer ass Ouschterdag" ze sangen, a fir déi schéin Traditioun belount ze gien .
