Welfreng: Konveniat vun der Fieldgens 1re moderne 1969
Et ass a bleift eng beléiften Traditioun vun de Schülerinnen, déi 1969 um Fieldgen hir Première gemaach hunn,sech ufanks Oktober fir den traditionellen Konveniat ze treffen. 10 vun hinnen haten dëst Joer dem Mackel seng Invitatioun ugeholl, a sech Rendez-vous am Restaurant „A Schmatten „ zu Welfreng ginn. De Menü an d‘ Ambiance ware wéi all Joer wonnerbar, a wann och dëse Konveniat schonns die 52. Oplo war, geet d‘ Gespréichsstoff hinnen nach laang net aus. Sou ass dann och erëm décidéiert ginn, fir d’nächst Joer mat deem flotten Treff, da vum Christiane organiséiert, virun ze fueren (Foto & Text Claire Theisen)
